Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 43 Millioune manner ausgi wéi virgesinn

Entwécklungspolitik

43 Millioune manner ausgi wéi virgesinn

D'Pandemie huet ee groussen Impakt op d'Ekonomie an op d'Gesondheetssystemer vu ville Länner, déi scho virun der Kris net déi néideg Mëttel hate fir hire Bierger eng medezinesch Versuergung ze garantéieren, an déi zu deenen ekonomesch äermste Länner op der Welt gehéieren. 150 Millioune Mënsche riskéiere weltwäit wéinst der Pandemie an extreemer Aarmut ofzerëtschen. D'Regierung bleift trotz konjunkturelle Schwieregkeete bei sengen Engagementer, esou de Minister Franz Fayot.

auto_stories

4 min

De Kooperatiounsminister Franz Fayot. Foto:Chambre des Députés

De Grand-Duché wäert trotz budgetären Engpäss de Budget vun der Kooperatiounspolitik bei engem Prozent vum Brutto National Akommes, dem RNB, fixéieren. D'lescht Joer stoungen esou 420 Milliounen Euro am Budget fir d'Kooperatioun. 2020 ware 432 Milliounen Euro virgesi fir d'Aide publique au développement.

Et goufen dëst Joer awer 43 Milliounen Euro manner ausgi wéi ursprénglech geplangt. De Kooperatiounsminister Franz Fayot nennt heifir zwee Grënn:

  • Verschidde Projete konnte wéinst der Pandemie net realiséiert ginn oder hu missten no hanne verluecht ginn
  • De Revenu national brut fir 2020 ass wéinst der Pandemie erofgaangen

Déi Baisse hätt awer keen Impakt op d'Budgeten, déi d'Lëtzebuerger ONGe sollte vum Staat kréien. Och d'Contributiounen un déi international Hëllefsorganisatiounen bleiwen héich. Dee gréissten budgetären Impakt kritt d'Agence Lux-Developement ze spieren, well eng ganz Rei Projeten net konnte realiséiert ginn, déi dann op 2021 solle verréckelt ginn.

Fir dat nächst Joer geet de Budget vun der Kooperatioun ëm knapp 12 Milliounen an d'Luucht, de Gesamtbetrag läit da bei 403 Milliounen Euro.

Gemëschte Reaktioune vun der Oppositioun

Kee Versteesdemech fir déi Baisse vum Budget fir 2020 an absolutten Zuelen huet den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk. Eng budgetär Kierzung wier "zimmlech Onsënn". Den Defizit beim Staatsbudget géif bei dräi bis véier Milliarden Euro leien. "Da kéinte mer éierlech gesot op déi Kierzung vu 47 Milliounen Euro iwwer zwee Joer verzichten."

Den ADR-Deputéierte Fred Keup par Konter fënnt, datt de Kooperatiounsbudget net onbedéngt soll bei engem Prozent vum RNB bleiwen. De Staat géif iwwer 400 Milliounen Euro d'Joer fir d'Kooperatioun ausginn. "Dat si wäit iwwer zwou Milliarden Euro an enger Legislaturperiod an dat läit wäit iwwer eiser Obligatioun vu siwe Prozent vum Brutto National Akommes."

International Kooperatioun

Am Kontext vun der Pandemie huet de Grand-Duché sech un déi europäesch Initiativen ugeschloss, déi eng Koordinatioun vun der Hëllef erméiglecht huet. 65,8 Milliounen Euro sinn iwwer dee Wee a sanitär a sozio-ekonomesch Projete gefloss.

Och d'UNO-Agencen an dat internationaalt Rout Kräiz kruten eng finanziell Ënnerstëtzung am Kampf géint de Covid-19 a sengen diverse Konsequenzen op d'Gesondheet, mee och op d'Aide d'urgence. Ronn 30 Prozent vum gesamte Budget vun der Kooperatioun ginn un déi international Organisatiounen, dëst ënner der Form vu pluriannuellen Contributiounen.

ONGe spillen eng wichteg Roll

Eng grouss Roll spillen awer och d'ONGen, déi jee no Land, wou se aktiv sinn, méi oder wéineger kofinanzéiert ginn. Déi géifen d'Entwécklungspolitik "no bei d'Leit" bréngen, seet den DP-Deputéierte Gusty Graas. "Si maache se populär, si maache ganz vill Aktiounen, wou se u sech d'Leit sensibiliséieren an drop opmierksam maachen, datt et wichteg ass, datt mer eng geziilten Entwécklungspolitik leeschten."

Zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn d'ONGen awer mat enger Baisse vun de Spende konfrontéiert, esou d'Stéphanie Empain, Deputéiert vun déi gréng. D'Demande um Terrain ass wéinst der Pandemie awer geklommen. Een Drëttel vun den ONGen hätt missten u seng Reservë goen, well d'Demande esou héich war. D'Pandemie hätt en direkten an indirekten Afloss dorop: engersäits kéinten d'Leit net méi erausgoe fir hir Produiten ze verkafen, anerersäits géifen d'Besoine vun de lokale Populatiounen an d'Luucht goen, esou d'Stéphanie Empain.

Koherenz vun de Politicken

Den CSV-Deputéirten Paul Galles huet sech eng méi systemesch Approche vun der Kooperatiounspolitik gewënscht. Als Beispill nennt hie Mauretanien, wou déi respektiv Eisenindustrië kéinten zesummeschaffen. "Do beweege mer eis op enge Terrain, dee mer gutt kennen."

Och bei der Police an der Arméi wier eng Zesummenaarbecht denkbar, seet de Paul Galles. Et kéint een awer och e Finanzentwécklungsplang fir d'Sahelzon ausschaffen. Och hei géif ee sech gutt auskennen an et kéint een Expertis matbréngen.

Wichteg wier et a sengen Aen och d'Koherenz vun de Politicken ze verdéiwen; d'ONGen hätte sech doriwwer beschwéiert, datt et am interministerielle Comité eigentlech keng Echangë géif ginn iwwer den Impakt vun enger Decisioun, oder enger Politik op d'Zillänner vun der Kooperatioun.