Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Patientevertriedung waart weider op e Projet fir den Tiers payant

Gesondheetssecteur

D'Patientevertriedung waart weider op e Projet fir den Tiers payant

D'Regierung huet nach kee konkrete Projet fir den allgemengen Tiers payant anzeféieren, bedauert de President vun der Patientevertriedung. Et hätt een awer gesot kritt, datt doru geschafft gëtt, esou de René Pizzaferri.

auto_stories

1 min

De René Pizzaferri erënnert drun, datt schonn zanter den 1980er Joren iwwer d'Aféierung vun engem System geschwat gëtt, fir d'Prise en Charge vun alle Prestatiounen direkt duerch d'Gesondheetskeess.

D'Patientevertriedung hofft, datt de Sozialminister Romain Schneider zesumme mat der CNS de System vum Tiers payant généralisé esou séier wéi méiglech aféiert. Datt d'Dokteschvereenegung AMMD strikt dogéint ass, versteet de René Pizzaferri net. D'AMMD géif mat falschen Argumenter schaffen, dat hätt sech an der Diskussioun och erwisen.

Amiperas stellt am Hierscht Fuerderungskatalog vir

De President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri ass zanter gutt 14 Deeg och President vun der Amiperas. Déi zwee Poste wiere kompatibel an och zäitlech wier dat fir hie kee Problem, erkläert de René Pizzaferri.

D'Amiperas mat hire ronn 15.000 Memberen ass Member vun der Asbl Patiente Vertriedung. D'Amiperas - déi sech selwer d'"Stëmm vun de Senioren" nennt, wëllt am Hierscht hire Fuederungs-Katalog presentéieren, gouf ugekënnegt. "Dat bedeit e ganz villschichtege Programm, ob dat d'Gesondheet, d'Renten, d'Ëmwelt, de Verkéier ass", sou de René Pizzaferri. An deem Kader wäerten och d'Membere consultéiert ginn.