Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Luxair wëllt u kuerze Strecke festhalen

National Airline

D'Luxair wëllt u kuerze Strecke festhalen

D'Luxair wëllt weider un hire Kuerzstreckeflich festhalen, obwuel d'Kritik un deene Flich an Europa méi grouss gëtt. De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith seet, d'Lëtzebuerger Airline géif un hire kuerze Flich festhalen, esou laang et op deene Strecken keng Zuchverbindunge ginn, déi en änleche Confort bidden.

auto_stories

1 min

De Gilles Feith ass Direkter vun der Luxair. (Foto: Archiv)

Als Beispill nennt hien de Vol vu Lëtzebuerg op Paräis. Vill Passagéier géife vu Paräis aus op aner Destinatioune viru fléien, esou datt d'Luxair Paräis als Destinatioun géif bäibehalen.

D'Luxair huet nach ëmmer däitlech manner Clienten, ewéi virun der Covid-Pandemie. D'Buchunge bei der Airline wieren am Juni ëm ongeféier 80 Prozent méi niddereg, ewéi zu normalen Zäiten, sou de Gilles Feith. D'Pauschalreese vu Luxair Tours hätte sech dogéint méi séier erholl. Hei géif de minus bei 30 bis 40 Prozent léien, sou de Luxair-Generaldirekter. Hie rechent awer fir dëse Summer mat Buchungs-Zuelen, déi mat deene vu virun der Covid-Kris vergläichbar sinn.

Fir de Summer wäert een awer bei Luxair Tours op 100 Prozent vun de Capacitéite sinn, op e puer Destinatiounen eventuell souguer iwwer 100 Prozent, sou datt nach Volle misste bäigesat ginn, sou de Gilles Feith. Et wéilt een awer och weider "abordabel" Präisser behalen, fir jiddwerengem d'Méiglechkeet ze ginn, sech erëm ze beweegen.