Dat géif weisen, datt de Staat den néidege finanzielle Spillraum hätt fir d'Mesuren ze bezuelen, déi d'lescht Woch an der Tripartite decidéiert goufen, esou d'Interpretatioun vun der Finanzministesch.
Den CSV-Fraktiounschef Gilles Roth kritiséiert iwwerdeems am 100,7-Interview d'Recettë vum Staat géife virun allem an d'Luucht goen, well d'Leit méi Steieren op hire Léin bezuelen.
E grousse Plus bei de Recettë vun der Lounsteier
Iwwer déi aacht éischt Méint vun 2022 hätten d'Steierzueler bal eng hallef Milliard méi Lounsteier bezuelt, wéi an deenen éischten aacht Méint 2021, seet de Gilles Roth.
"Dat heescht am Kloertext, d'Leit hunn an den éischten aacht Méint mat hiren eegene Steieren schonn d'Hallschent vun den Tripartitemesurë bezuelt."
Gilles Roth: D'Leit gi steierlech iwwerméisseg belaascht
Fir d'CSV ass et en "absolutte Feeler", datt d'Steiertabell an de leschte fënnef Joer net un d'Inflatioun ugepasst ginn ass. Doduerch géifen d'Steierzueler pro Joer bal eng Milliard méi Lounsteier bezuelen. Fir de Gilles Roth ass "do eppes net richteg am System", wouduerch d'Wieler "enorm steierlech" belaascht géife ginn.
"A si kréien iwwer d'Tripartite dat erëm, wat se déi aner Säit aus der Täsch gezu kréien."