Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pva - Hero Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kommissioun "DROI" am Viséier vum Katargate

Korruptiounsskandal

D'Kommissioun "DROI" am Viséier vum Katargate

Am Europaparlament steet ausgerechent d'Kommissioun, déi fir d'Mënscherechter zoustänneg ass, am Mëttelpunkt vum Korruptiounsskandal. D'Presidentin ass zeréckgetrueden. Wéi et virugeet ass nach onkloer.

auto_stories

3 min

Ee Korruptiounsskandal beschäftegt aktuell d'Europaparlament. (Foto: Gabor Kovacs)

Am Europaparlament gëtt se kuerz "DROI" genannt: déi parlamentaresch Mënscherechts-Kommissioun steet am Viséier vum Katar-Gate, deem groussen Korruptiounsskandal, deen zanter Mëtt Dezember de Sujet Nr. 1 am Parlament ass.

Isabel Wiseler: Demissioun vu Presidentin war "indispensabel"

Ee vun den Haaptverdächtegen an deem Korruptiounsskandal, de fréieren Europaparlamentarier Antonio Panzeri, war tëscht 2017 an 2019 President vun der Kommissioun "DROI".

Seng Nofollgerin, déi belsch Sozialistin Maria Arena, ass virun zwou Woche vun hirem Posten zeréckgetrueden nodeems erauskomm war, datt si eng Rees, déi si vum Katar finanzéiert krut, net deklaréiert hat.

Obschonn een der fréiere Presidentin vun "DROI" net der Korruptioun beschëllege sollt, wier dee Schrëtt war néideg gewiescht, seet d'Isabel Wiseler, Member vun der Kommissioun:

"Si huet als Presidentin vum Droit Feeler gemaach. Si huet dem Katar op mannst zwee Mol ee Plateau ginn an der Kommissioun, dee si anere Länner esou net ginn huet. Dowéinst war et indispensabel, datt si demissionéiert huet."

Dem Katar eng Plattform ginn

Déi belsch Sozialistin hätt och enk mat der ONG "Fight Impunity" zesummegeschafft, déi eng zentral Roll an der Affär spillt, seet d'Isabel Wiseler.

D'Decisioun, zeréckzetrieden, war richteg, seet och d'Hannah Neumann, gréng Europadeputéiert a Vizepresidentin vun der Mënscherecht-Kommissioun:

"Maria Arena hat eine sehr enge Beziehung zu Herrn Panzeri, der offensichtlich der Kopf dieses Netzwerkes ist. Sie hat sehr eng mit Nichtregierungsorganisationen zusammengearbeitet, bei denen sich heute zeigt, dass sie vor allem Vehikel für diese Korruption waren und sie hat gegen Transparenzregeln des Parlaments verstoussen."

Hearing mam katareschen Aarbechtsminister

Vill Opmierksamkeet krut een Debat am Virfeld vun der Futtballweltmeeschterschaft am Katar, deen d'Presidentin vun DROI am November zejoert organiséiert hat. Invitéiert war och de katareschen Aarbechtsminister al Marri. Dat hie komm ass, wier net selbstverständlech sou d'Maria Arena an deem Hearing:

"Je pense que c'est important de le signaler parce que tous les ministres n'acceptent pas, je tiens particulièrement à le remercier pour sa présence."

Schwiereg Diskussioun iwwert Zukunft

D'Hannah Neumann steet weiderhin hannert der Decisioun, zu deem Zäitpunkt ee kontroversen Debat mam kataresche Minister ze féieren. Mam Wësse vun haut, misst een awer soen, datt d'Parlament hei benotzt gouf.

Dat ausgerechent d'Aarbecht vum Parlament am Beräich vun de Mënscherechter mëssbraucht gouf, reegt d'Isabel Wiseler besonnesch op: "Hannenno seet ee sech, et hätt engem missen opfalen, mee et ass awer net de Fall gewiescht."

Eens ass ee sech driwwer, datt vun elo un d'Reegelen vum Parlament ganz mussen applizéiert ginn. Dat betount och de Charel Goerens, deen och Member vun "DROI" ass: "Déi Reegelen, déi mir eis ginn, musse méi staark si wéi mir selwer."

Elo manner oder net méi iwwert d'Mënscherechter ze schätzen, ass keng Optioun, fënnt d'Hannah Neumann. An deem Fall hätten autokratesch Regimer wéi de Katar gewonnen:

"Das heisst: Wir müssen jetzt hier einmal ordentlich aufräumen und dann umso stärker denen auf die Finger kucken, die meinen sie könnten uns auf diese Art und Weise beeinflussen."

Den 9. Februar soll een neie President oder Presidentin an der Kommissioun DROI gewielt ginn. Datt de Poste weider der Fraktioun vun de Sozialisten zousteet, gëtt vu kenger Säit a Fro gestallt. Kloer ass, datt de Choix vun der Persoun, déi kandidéiert, des Kéier vill Opmierksamkeet wäert kréien. Si misst, sou d'Hannah Neumann "wirklich über jeden Zweifel erhaben sein."