Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Kendricks - Intimate Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hotline vum CGDIS

Corona-Pandemie

D'Hotline vum CGDIS

8002-80-80: Dat ass déi dëser Deeg vill ernimmten - a gewielten - Nummer vun der Coronavirus-Hotline. Heihinner kënne Leit sech wenden, wa si Froe ronderëm déi aktuell Pandemie hunn. Mee wien ass do eigentlech um aneren Enn vun der Leitung a wat fir Erfarungen hu si an deene leschte Woche gemaach?

auto_stories

5 min

De Jean Thill ass eigentlech Museker an der Militärmusek. Zanter bal zou Wochen hu si awer eng nei Aufgab: si hëllefe wärend der Pandemie an der Hotline aus. Vill Leit géifen direkt ufänke mat schwätzen, zielt hien. "Si soe mol net hiren Numm, net wie se sinn, se fänken direkt u mat schwätzen."

Wann ee bis am Gespréich wier, da géif dat awer ëmmer tipptopp goen, zielt de Jean Thill. "Et léisst ee se vläicht eng Minutt schwätzen, an da seet een op eemol: "Sot mer nach eng Kéier kuerz, wie sidd Dir, wat ass Är Telefonsnummer, a wat sinn är Symptomer", an da leeft d'Gespréich ëmmer ganz gereegelt."

Äntwerten op d'Froe vun de Leit

D'Aarbecht géif gutt lafen, seet de Jean Thill, och wann et nach ongewinnt wier. Déi allermeescht Leit, déi uruffen, wieren immens fein, zielt de Museker aus der Militärmusek. D'Hotline gëtt vum Corps Grand-Ducal d'incendie et de secours, dem CGDIS, organiséiert.

Am Ufank hätten d'Leit vill Froe ronderëm de Virus selwer gehat, zielt de Serge Ancona, den Haaptresponsabele vun der Hotline. Spéider hätten d'Leit éischter Froe gehat, wéi et mat der Educatioun weider géif goen, nodeems d'Schoulen zougemaach goufen. Duerno wiere vill Froen iwwer d'Aarbechtsrecht erakomm, wéi Betriber gesot kruten, si sollten zoumaachen. "Do wollten d'Patronen an d'Aarbechter natierlech Äntwerten op hir Froen."

Zwou Schichte fir op Froen ze äntweren

Den Ament géife si tëscht 1.500 an 2.000 Uriff den Dag erakréien, seet de Serge Ancona. D'Uriff ginn ugeholl vun 18 Telefonisten. Déi setze sech zesummen aus Leit vun der Militärmusek, der Police an anere Verwaltungen. Wa méi spezifesch Froen erakommen, kënne si un eng zweet Rei weiderleeden, ënner anerem u Leit vum Ausseministère, aus dem Wirtschaftsministère, an dräi Dokteren aus der Santé.

Foto: CGDIS

D'Hotline schafft een an zwou Schichten. Eng vu Moies sechs bis Mëttes hallwer dräi. Déi zweet geet da bis eelef Auer Owes. An der Nuecht gëtt d'Hotline vum 112 iwwerholl. De Serge Ancona betount awer, datt all d'Froen ëm de Coronavirus un den 8002-8080 solle goen. "Den 112 soll ee just an den absolutten Urgencen uruffen."

Sécherheetsmesurë bei der Hotline

Natierlech sinn och d'Leit bei der Corona-Hotline net immun géingt de Virus. Et besteet och hei Gefor, datt Leit krank ginn an doduerch eventuell ganz Ekippen ausfalen. Et hätt een awer déi néideg Mesuren en place gesat, seet de Serge Ancona: jiddwereen, deen an d'Gebai kënnt misst seng Hänn desinfizéieren.

Am Sall vun der Hotline géif zweemol den Dag gebotzt ginn: "Beim Wiessel vun den Ekippe ginn natierlech d'Büroen, d'Still, souwuel wéi och d'Telefonen desinfizéiert." De recommandéierte Sécherheetsofstand vun zwee Meter géif och hei agehale ginn, a beim Mëttegiesse géif jiddwer Mataarbechter eenzel z'iesse kréien, sou datt een och do d'Distanz kéint respektéieren.

"Vill Leit hu Panik"

Fir vill vun deenen déi bei der Hotline schaffen, ass et eng nei Situatioun. Den Jim Bernardy ass eigentlech op der Policeschoul. Well déi elo zou ass, hëlleft hie bei der Hotline a probéiert do de Leit hir Froen ze beäntwerten.

Foto: CGDIS

Verschidde Leit hätte reegelrecht Panik, an déi misst een da berouege, zielt hien. Verschidde Leit géifen eng Sprooch schwätzen, déi ee selwer net versteet. Aner Leit hätte Problemer, un déi ee guer net geduecht hätt, "zum Beispill Leit, déi um aneren Enn vun der Welt festhänken an zeréck wëlle kommen", zielt den Jim Bernardy. "Do ass een natierlech den éischte Moment e bëssen iwwerfuerdert."

Psychologesch Hëllef

Verschidde Mënschen, déi uruffen, brauchen och eng psychologesch Betreiung. Dofir si bei der Hotline och ëmmer Leit vum Groupe de support psychologique vum CGDIS present. A ville Fäll hätte Leit mat Vir-Erkrankungen Angscht a wéisten net, wat si maache sollen, erkläert de Patrick Friegen, de Responsabele vum Groupe de support psychologique.

Duerch d'Quarantänsmoossname wieren och fill Leit eleng. Et géifen och ëmmer méi Leit uruffen, déi kee fir ze schwätzen hunn, déi ufänken Angscht ze kréien a sech doduerch vill Froe géife stellen. Dat kéint ganz wäit goen, seet de Patrick Friedgen. Sou hätt een och Fäll, wou Leit Suicidegedanken äusseren.

"Do ass et natierlech ganz wichteg, datt déi eng fachlech Kompetenz kréien, also eng Persoun kréien, déi versteet, wat muss ech elo maachen, an dofir si mir och vun Ufank un dobäi, fir genee esou Fäll kënnen ze stabiliséieren a weider ze leeden. Dat ass ganz wichteg, mir maachen eng Stabilisatioun an da gi se professionell weidergeleet."