Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grenze vun de Capacitéiten

Flüchtlingen

D'Grenze vun de Capacitéiten

All Mount komme bis zu 200 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg un. Aktuell sinn 3.300 Persounen a Flüchtlingsstrukturen ënnerbruecht. "Mir stoussen un d'Grenze vun eise Capacitéiten", sou den Yves Piron. Eng Ursaach wier, dass 1.200 Leit an de Foyere sinn, déi net dohi gehéieren. "Mir maache keen Ënnerscheed tëscht de Leit", seet den OLAI-Direkter.

auto_stories

2 min

"Et gëtt ëmmer nach e massive stabelen Afflux vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg", seet den Direkter vum OLAI. 2016 wieren 2.500 Persounen op Lëtzebuerg komm. Genee sou vill wéi am Joer 2015. Dem Yves Piron no géifen d'Opfaangstrukturen un d'Grenze vu hire Capacitéite stoussen.

Plazmangel

Et kéint een sech net erlabe fir eng Struktur zou ze maachen, seet den Yves Piron. "Eigentlech misst all Mount eng Struktur mat 200 Better opgemaach ginn."

Den "Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration" finanzéiert de ganzen Accueil a geréiert selwer 70 Strukturen. Dobäi kommen eng 20 Haiser, ëm déi d'Croix-Rouge respektiv d'Caritas sech bekëmmeren. Am ganze sinn eng 3.300 Persounen a Flüchtlingsfoyeren ënnerbruecht. Insgesamt geréiert den OLAI 4.000 Better.

E Problem vu Wunnengsmaart

Eng Ursaach fir d’Auslaaschtung wier, datt 1.200 Leit an de Foyere wieren, déi net dohi géinge gehéieren. Een Drëttel vun de Persoune wieren net an enger Asyl-Prozedur dran, si géifen awer an de Strukture vum OLAI hänke bleiwen.

Engersäits wieren dat Leit, déi de Statut kritt hunn an déi awer net direkt eng Wunneng um Marché fannen, erkläert den Yves Piron. Um privaten a soziale Wunnengsmaart wier wéineg Wunnraum disponibel. 800 Persoune wieren an deem Fall.

"Dubliners" an Deboutéierter

Eng zweet Kategorie, wiere Leit deenen den Asyl refuséiert ginn ass, oder déi den "Dublin 3" Accorden no, zréck an dat europäescht Land musse goen, wou sinn an der Vergaangenheet hir éischt Demande op Asyl an der EU gestallt hunn. Dat sinn dem Yves Piron no aktuell 400 Persounen.

Déi Leit géifen och zréck geschéckt ginn, mee géigeniwwer dem groussen Afflux vun neie Flüchtlinge géif dat net séier genuch geschéien, seet de Yves Piron.

"Mir maache keen Ënnerscheed tëscht de Leit". Et wieren all Mënschen déi dignement accueilléiert ginn, onofhängeg vun hirer Ethnie oder Nationalitéit.

Relocatioun a Reinstallatioun

Lëtzebuerg hëlt zanter 2016 Flüchtlingen aus der EU a vu baussent der EU op, erkläert den OLAI-Direkter. De Programm vun der "Reinstallatioun", betrëfft Leit déi iwwert Tierkei a Lëtzebuerg erageflu ginn. Fir d'Joren 2016 an 2017 sinn dat 240 Leit.

Dernieft huet sech Lëtzebuerg engagéiert Flüchtlingen aus Griicheland an Italien direkt zu Lëtzebuerg op ze huelen, iwwert e Programm vu "Relocatioun". Iwwert dee Wee kënnt all Mount e Fliger vun 30-50 Leit zu Lëtzebuerg un.

Lëtzebuerg huet sech engagéiert dëst Joer insgesamt iwwert déi zwee Programmer 500 Persounen un ze huelen. Dobäi kommen déi, Flüchtlingen déi spontan iwwert aner Weeër op Lëtzebuerg kommen.