Déi 1.800 Leit, déi matmaachen, musse fir d'éischt e Questionnaire ausfëllen, duerno e PCR-Test maachen, a schliisslech Prouwe vu Blutt a Stull ofginn.
D'Analys vun all deenen Donnéeë gëtt e präziist, wëssenschaftlech fundéiert Bild vu verschiddenen Aspekter vun der Pandemie: wéi vill Persoune sinn elo am Moment infizéiert? Wéi steet et ëm d'Immunitéit vun deenen, déi schonn a Kontakt mam Virus waren? Déi, déi richteg krank gi sinn, mee och déi Asymptomatesch, deen Deel vun der Bevëlkerung also, deen de Virus hat, et méiglecherweis awer mol net gemierkt huet?
Lescht national Phas vum 19. Abrëll un
De Coordinateur vun der Etüd, de Professer Rejko Krüger vum LIH, dem Luxembourg Institute of Health erkläert:
"Zum einen können wir die Menschen verfolgen, die sich letztes Jahr leider angesteckt haben, und in der Folge eine Immunreaktion gezeigt haben. Wir können sehen, ob die weiterhin geschützt sind oder ob der Schutz nachlässt über ein Jahr. Zum anderen tragen wir natürlich der aktuellen Impfkampagne Rechnung."
Sou wéisst een, wéi ee Prozentsaz vun der Lëtzebuerger Populatioun no 12 Méint schonn immun géint de Virus ass. An indirekt och wéi wäit de Wee bei d'Herden-Immunitéit nach bleift.
Am Prinzip ass et déi lescht Ronn vun Tester am Kader vun der CON-VINCE-Etude, déi den 19. Abrëll uleeft. Allerdéngs wier den internationalen Interessi gewuess, sou de Professer Krüger:
"Es ist aber so, dass die Studie international viel Aufmerksamkeit erzielt hat, und wir jetzt auf europäescher Ebene im Gespräch mit Partnern sind. Es kann sein, dass wir einen erneuten Anlauf auf europäischer Ebene unternehmen, in harmonisierter Form, um diese wertvollen Daten - ich nenne das immer "das Gedächtnis der Pandemie", das wir seit letztem Jahr aufgebaut haben - auch weiter zu verfolgen."
Nieft Infektiositéit an Immunitéit huet CON-VINCE nach en anere Volet: d'Etüd ënnersicht och psycho-sozial Effekter vun der Pandemie. Dat ass manner bekannt, weist awer wéi breet d'Fuerschungs-Ekipp opgestallt ass, déi déi gesammelt Donnéeën analyséiert.