Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Europäer haten ze héich Erwaardungen un den Impfstart"

Jean-Claude Juncker

"D'Europäer haten ze héich Erwaardungen un den Impfstart"

De Jean-Claude Juncker fënnt net, datt d'EU-Kommissioun gréisser Feeler bei hire Beméiungen, fir Impfstoff ze beschafen, gemaach hätt. Dat sot de fréiere President vun där Kommissioun e Samschdeg an der Emissioun Riicht eraus hei op der Antenn. Am Fong wier den Europäer just ee Reproche ze maachen.

auto_stories

3 min

D'Europäer - an zwar net just Kommissioun, mee och déi 27 Memberlänner - hätten ee Feeler gemaach: Si hunn - wéi bis Vaccin do war - den Androck entstoe gelooss, datt bannent kierzter Zäit jiddereen, déi wéilt, geimpft kéint an och géif ginn. "Do wier et gutt gewiescht, wann ee rouegt Wuert vun noutwenneger Gedold gesot gi wier", sou de Jean-Claude Juncker.

Net eng gemeinsam Commande wier de Probleem, mee Produktiounsenkpäss

Op jiddwer Fall wier et déi richteg Demarche gewiescht, fir der EU-Kommissioun den Optrag ze ginn, am Numm vun deene 27 mat de Pharma-Konzerner ze verhandelen. Virun allem kleng Länner wéi Lëtzebuerg wier dat vu Virdeel gewiescht.

"Mir mussen eis jo als Lëtzebuerger mam Gedanken offannen, dass mer eleng par rapport zu deene Firmen keng Verhandlungs-Groussmacht duerstellen, wärend d'Kommissioun awer eng ass."

Wann et am Moment un Impfstoff feelt, an et mat de Vaccinatiounen dofir net richteg virugeet, da léich dat eenzeg an eleng un Enkpäss bei der Produktioun a sécher net un der gemeinsamer europäescher Commande. Et wier kamoud, wann d'Nationalstaaten d'Schold bei der Europäescher Kommissioun géifen oflueden.

An deem Kontext gouf jo och kritiséiert, d'Kommissioun hätt geknéckt, net genuch wëlle bezuele fir de Vaccin ... dat wär och e Grond firwat d'EU net méi Impfstoff geliwwert kritt, gëtt gesot. Fir de Jean-Claude Juncker hält dat Argument d'Strooss net: "Well och ee méi héije Präis ännert näischt un de Produktiounsenkpäss."

Impfstoffzouloossungen: De Jean-Claude Juncker plädéiert fir eng virsiichteg Approche

"Verdrësslech" fënnt et de Jean-Claude Juncker, datt den Androck entstanen ass, just well d'Britten aus der EU ausgetruede wieren kéint elo méi séier a Groussbritannie geimpft ginn. Dat hätt nämlech iwwerhaapt näischt mam Brexit ze dinn, well Groussbritannien zu deem Moment wou se de Vaccin noutzougelooss hunn, nach ëmmer Member vun der EU gewiescht wier.

Si hätte just méi en héije Risiko a Kaf geholl, de Vaccin séier zougelooss. D'EU, hätt do méi eng virsiichteg Approche gewielt. Hie géif dat begréissen, sou den fréiere Kommissiounspresident.

Sech net virum russeschen Impfstoff verschléissen

Wat een elo op kee Fall sollt maachen wier zécken, op de russeschen Impfstoff Sputnik zréckzegräifen, dee jo ganz gutt an den Etüden ofschneit. Just well engem net gefält, wéi de Wladimir Putin mat sengem Géigner Alexej Nawalny ëmgeet.

"Impfstoff ass Impfstoff, a krank Leit si krank Leit. An deen Impfstoff, dee gutt ass, dee muss bei déi Leit kommen, déi riskéiere krank ze ginn."

Wann de russeschen Impfstoff vun der europäescher Medikamenten-Agentur fir zoulässeg erkläert géif ginn, da misst een en an der EU och verimpfen.

"Ech kann iwwerhaapt net verstoen, firwat ee sech déi Fro iwwerhaapt stellt. Wann de Russen hiren Impfstoff an der Rei ass, da soll deen zougelooss ginn."

Kritik un der EU-Kommissioun

An engem Punkt huet de Jean-Claude Juncker d'Kommissioun dann awer kritiséiert: d'Decisioun fir Kontrollen op der Grenz tëscht Irland an Nordirland méiglech ze maachen wier e Feeler, en "grober Schnitzer" gewiescht, dee glécklecherweis nees séier réckgängeg gemaach gi wier. D'Intentioun derhannert war jo ze kucken, ob net géif Vaccin aus der EU iwwer Irland a Groussbritannien ageféiert ginn.