De brittesche Minister fir de Brexit David Frost hat gëscht gesot, den Nordirland-Protokoll vum Deal géif net funktionéieren, an huet sech fir een Enn vun de Douaneskontrollen an Nordirland ausgeschwat. D'EU awer wëllt um Accord festhalen, seet den zoustännegen EU-Kommissär Maroš Šefčovič.
Och de Christophe Hansen, Europadeputéierte vun der CSV a Member vum Koordinatiounsgrupp mat Groussbritannien vum Europaparlament seet, den Nordirland-Protokoll vum Accord kéint net noverhandelt ginn. D'EU hätt sech scho flexibel gewisen.
"Mir hunn de Britten eigentlech ugebuede gehat, datt 80 Prozent vun de Kontrollen op Gidder tëscht Groussbritannien an Nordirland kéinten ewechfalen - notamment op Gidder, déi veterinär a phytosanitär Kontrolle missten ënnergoen. Dat hu si refuséiert. Mir kënne lo net weider unilateral Konzessioune maachen. D'Britte musse sech un dat halen, wat se ënnerschriwwen hunn. A mir kucke wou mer flexibel kënne sinn, mee nei Verhandlungen op kee Fall."