Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU ass prett fir ze verhandelen

Fräihandelsaccord mat Groussbritannien

D'EU ass prett fir ze verhandelen

D'EU ass sech eens iwwer hiert Verhandlungsmandat fir e Fräihandelsvertrag mat Groussbritannien. Den Text gouf deels verschäerft. Bréissel pocht drop, datt europäesch Standarde musse laangfristeg garantéiert ginn. London wiert sech dogéint. Domat ass de Kader fir komplizéiert Negociatioune gesat.

auto_stories

5 min

Den EU-Chefnegociateur Michel Barnier ka lassleeën. Dräi Joer nodeems Groussbritannien d'Demande fir aus der EU erauszegoe gemaach huet, sollen déi nächst Woch d'Verhandlungen ufänken. Et géif een net "à tout prix" ee Fräihandelsaccord akzeptéieren, sot en Dënschdeg dee Mann, deen op der Säit vun der EU am Zentrum vun de Verhandlunge steet.

Wording vum "Level Playing Field" gouf verschäerft

Bis den Dag virdru war et net sécher, ob d'EU sech iwwer den Text vum Mandat eens gëtt. Et gouf bis um Schluss dru gefeilt, virun allem un de Passagen, an deenen et ëm d'Bedéngunge fir een zollfräien Handel geet. Frankräich hat drop bestanen, den Text an deem Punkt ze verschäerfen.

Et geet ëm de "Level Playing Field", sot d'Amelie de Montchalin, déi franséisch Staatssekretärin fir d'EU.

"Il est important que nous puissions maintenir des conditions réciproques sur la base des normes européennes: les normes sociales, fiscales, environnementales, agricoles et sanitaires. Afin d'assurer que nous continuons à avoir de part et d'autre un cadre économique équilibré et loyal."

Am Kapitel mat der Iwwerschrëft "Level Playing Field", wat esou vill heescht wéi déi nämmlecht Konditioune fir jiddwereen, gouf effektiv am Punkt 94 vum Mandat nogebessert.

Déi nei Partnerschaft misst oppen a fair Competitioun erméiglechen. Béid Säite misste sech engagéieren dofir ze suergen, datt jiddwereen déi nämmlecht Konditiounen huet, heescht et am Text.

Europäesch Standarden als Konditioun

Fir dat ze erreechen, misst den Accord héich Standarde garantéieren, déi laangfristeg gëllen, a bei deenen d'EU-Standarden als Referenz gëllen. Esou enk ware virdrun déi europäesch Standarden net un d'Konditioun vun engem tax-fräien Handel verknäppt ginn.

Dat wier awer, sou déi franséisch Ministerin, eng rational ekonomesch Iwwerleeung, an net als Revanche ze verstoen.

"Si nous n'arrivons pas à maintenir dans le temps cette proximité réglementaire, nous devrons tirer les conséquences de cette divergence et donc appliquer des tarifs douaniers ou des limitations de volume. C'est une question de cohérence."

Och den däitsche Staatssekretär Michael Roth betount, datt dee Beräich vum "Level Playing Field" zentral ass.

"Wir haben die Interessen unserer Bevölkerung, unser Beschäftigten, unserer Wirtschaft zu vertreten, und dabei brauchen wir faire Wettbewerbsbedingungen für beide Seiten."

Op englesch war et vu senger Säit de Message un déi brittesch Kolleegen: "Haalt Iech un dat, wat Dir versprach huet, sou wéi et am Protokoll virgesinn ass!"

London sicht no Weeër, Accorden ze ëmgoen

De leschte Weekend hat déi brittesch Press geschriwwen, London géif no Weeër sichen, dee Protokoll ze ëmgoen, fir eventuell Kontrollen um Mier, sou wéi se am Brexit-Accord virgesi sinn, ze evitéieren. De Brexit-Accord ass deen, deen den Ament a Kraaft ass: e reegelt d'Iwwergangszäit, bis een Handelsvertrag ofgeschloss ass.

Do sinn ënner anerem ganz speziell Konditioune fir d'Grenz tëschent Nordirland an Irland virgesinn. Dat war bekanntlech ee vun den Haaptsträitpunkte wärend de Verhandlungen.

Kee Wonner, datt den ireschen Ausseminister Simon Coveney en Dënschdeg betount huet, datt d'Mandat, fir dat d'Ministeren elo gréng Luucht ginn hunn, och kloerstellt, datt sech Groussbritannie muss un dat halen, wat virdru schonn ofgemaach gouf.

Consultatiounen iwwer Finanzservicer

Liicht nogebessert gouf och an deem Kapitel, dat déi Lëtzebuerger Regierung am meeschten interesséiert: dat iwwer d'Finanzservicer. Si ginn net, wéi sech dat d'Regierung gewënscht hätt, an den Fräihandelsvertrag integréiert, mee sollen iwwer ee System vu sougenannten Equivalenze gereegelt ginn. An deem System bestëmmt d'Europäesch Kommissioun, op ee bestëmmte brittesche Service mat den EU-Norme gläichzesetzen ass an deemno um Marché zougelooss ass.

Deen eesäitege System hätt Nodeeler, hat de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna kritiséiert. Am Text gëtt elo den unilaterale Charakter vun den Equivalenze betount, et kënnt awer eng Nuance derbäi, déi souwuel Lëtzebuerg wéi der Londoner City entgéint kéint kommen: Et sollten am Kader vun den Equivalenzen och Consultatiounen tëschent der EU a Groussbritannie lafen. Allerdéngs, sou heescht et am Niewesaz, géif d'EU gläichzäiteg hir regulatoresch an hir Kontrollautonomie behalen.

Dee ganze Saz dierft also déi brittesch Säit, déi sech eben dogéint gewiert huet, sech hei komplett ënnerzeuerdnen, nëmmen hallef zefridde stellen.

Eng Prouf fir d'Unitéit vun de 27 EU-Länner

Mee wann déi nächst Woch d'Verhandlungen ufänken, kënnt et net nëmmen op d'Londoner Naupen un. Och déi 27 EU-Länner mussen zesummenhalen, fir datt een Accord dobäi erauskënnt. Bis elo gëtt Eenheet demonstréiert, zum Beispill vum Michael Roth:

"Ich hab überhaupt gar keinen Zweifel daran, dass wir weiterhin zusammenstehen. Wir dürfen uns nicht auseinander dividieren lassen. Es ist uns in den vergangenen Monaten auch sehr gut gelungen, mit einer Stimme zusprechen."

Déi nächst Woch geet et lass, op béid Säite waarde komplizéiert Verhandlungen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.