Logement D'Demande ass trotz Covid wuel weider héich

Och an de leschte Méint hunn - trotz Covid - vill Leit zu Lëtzebuerg eng Wunneng oder en Haus gesicht, an d'Aktivitéiten am Secteur si manner staark gefall wéi erwaart. Dat huet den Observatoire de l'habitat vum LISER erausfonnt. Donieft hu Chercheure vum Institut berechent, wéi vill de Logement an de leschte Jore bei de Menagë finanziell an d'Gewiicht gefall ass. D'Resultat iwwerrascht kaum: virun allem sozial schwaach Gruppe leiden ënner de Präisser an de sougenannten Taux d'effort vun de Leit ass ëmmer méi héich ginn.

Christiane Kleer / cbi

Den Immobiliësecteur an der Corona-Kris
Den Immobiliesecteur an der Corona-Kris. Foto: Bigstock / shisuka

Wéi vill um Enn vum Mount iwwereg bleift, wann d'Käschte vum Wunnen ofgerechent sinn, dat hänkt natierlech staark dovun of, wéi ee wunnt, a wat ee verdéngt. Aus de Recherchen, déi de LISER am Kader vun enger europäescher Etüd gemaach huet, geet kloer ervir: wat de Revenu méi niddereg ass, wat d'Wunne méi an d'Gewiicht fält.

Op där enger Säit wiere fir Proprietären d'Taux d'efforte ganz niddereg, seet de Julien Licheron, Coordinateur vum Observatoire de l'habitat. Op där anerer Säit géif bei Locatairen, déi grad en neie Kontrakt ënnerschriwwen hunn, dacks iwwer 40 Prozent vun hirem Revenu an de Logement fléissen.

Ënnerscheeder tëschent Proprietären a Locatairen

D'Etüd couvréiert den Zäitraum 2010 bis 2018. Iwwer déi Joren ass de Prozentsaz vun de Locatairen, déi méi wéi 40 Prozent vum Revenu fir de Logement ausginn, eropgaangen, zemools an den ënneschte Gehaltsklassen: 2010 waren 41 Prozent vun hinne vun esou engem héijen Taux d'effort betraff, aacht Joer méi spéit waren et ronn 63 Prozent.

De Julien Licheron preziséiert, datt d'Loyerspräisser zwar manner séier an d'Luucht gaange wiere wéi d'Akafspräisser, mee méi séier wéi d'Inflatioun beim mëttleren Akommes. Op zéng Joer gesi wier den Taux d'effort fir d'Locatairen doduerch och signifikativ an d'Luucht gaangen.

Frappant ass och den Ënnerscheed tëschent deenen, déi viru Kuerzem kaaft hunn, an deenen, déi scho méi laang ee Prêt lafen hunn: den taux d'effort läit bei de rezente Keefer ronn zéng Prozent méi héich. 2018 ware ronn een Drëttel vun de Residenten hei am Land Besëtzer vun hirem Logement - an haten dat och schonn ofbezuelt. Déi Stéit komme logescherweis am Beschten ewech - a si drécken den Duerchschnëtts-Taux d'effort.

Den Impakt vum Confinement

Trotz dësen Zuele bleift d'Demande fir de Kaf Immobilien zu Lëtzebuerg bekanntlech héich - an dat och a Covid-Zäiten. Den Impakt vum Lockdown schéngt, wann een déi disponibel Donnéeë kuckt, net esou grouss ze si wéi geduecht, esou den Expert.

Wärend dem Confinement wier d'Aktivitéit um Wunnmarché zwar erofgaangen: et wiere ronn 20 Prozent manner Haiser oder Wunnenge verkaaft gi wéi am selwechten Trimester d'Joer virdrun, mee dat wier awer net esou, wéi een et sech hätt kéinten erwaarden.

An och um Niveau vun de Präisser vun de Ventë kéint de Krisen-Impakt manner staark sinn, wéi eventuell gefaart, och wann d'Zuele mat Virsiicht ze genéisse sinn, well verschidden Transaktioune scho virum Confinement aktéiert waren.

De reellen Impakt vun der Covid-Kris op den Immobiliesecteur wäert also fréistens kloer sinn, wann d'Zuele vum drëtten Trimester disponibel sinn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Christiane Kleer
Lauschteren

Méi zum Thema

Aldina Ganeto
Logement

Mieterschutz Lëtzebuerg, sozial Vereenegungen, den OGBL, d'ASTI an de CLAE fuerdere méi politesch Decisioune fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. D'Spekulatioun op Immobilië géifen d'Präisser an d'Luucht dreiwen.

Illustratioun Logement
Gläichheet a Logement

De Besëtz vu Grond a Buedem ass zu Lëtzebuerg ganz ongläich verdeelt. De Stephan Polet huet sech mam Sozial-Geograph Antoine Paccoud geschwat, dee sech mam Patrimoine foncier auserneesetzt.

Julien Licheron
Chamberwahlen 2018

D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron. D'Lëtzebuerger Specificitéit wier, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 responsable ressources humaines (m/f)

    HR Human Resources

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recherche 1 responsable ressources humaines (m/f) sous contrat à durée déterminée en vue du remplacement d'un congé de maternité et d'un congé parental à temps plein.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen