Radioen

On air

Espresso Beats  |  Fakear - All Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Defense-Affekote froe Fräispréch

Drëtte Prozessdag

D'Defense-Affekote froe Fräispréch

Um drëtten Dag vum Prozess ëm den CSV-Frëndeskrees war et de Moien den Optakt vun de Plädoyeren. D'Maître Lydie Lorang huet déi eenzel Virwërf géint de Frank Engel zeréck gewisen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Vu Fälschung oder Bedruch kéint net rieds goen, well den Aarbechtsvertrag accordéiert a vum Generalsekretär a vum Caissier ënnerschriwwe gouf, esou d'Affekotin Lydie Lorang. Mam Engagement säi Salaire iwwer siwe Méint zeréck ze bezuelen, wann hie seng Missioun net géif erfëllen hätt hien och net probéiert sech e materielle Virdeel ze verschafen, och de Staat an d'Verwaltunge goufen net geschiedegt, well all Cotisatioune bezuelt goufen.

Et wier och nogewisen, datt de Frank Engel eng Géigeleeschtung fir säi Salaire bruecht hätt, de Felix Eischen an och aner Mataarbechter hätten ausgesot, datt hie vu Moies bis Owes an och um Weekend um Büro gewiescht wier. Datt aus dem Verkaf vum Gebai an dem Schafe vun enger Fondatioun um Enn näischt gouf, hätt net um Frank Engel geleeën, mee un Decisioune bannent der Partei.

Do hätt sech de Wand dann och géint de President gedréint. Well den éischte Virworf kee Bestand huet, géien och all déi aner Virwërf falen, sou d'Affekotin. Dofir kéim nëmmen en Acquittement fir de Frank Engel a Fro. Dat selwecht géif fir d'Iwwerweise vun de Cotisatioune gëllen, déi souwuel vun de Keesereviseure wéi och vum CSV-Kongress ofgeseent goufen.

D'Defense freet Acquittementer

Wat d'Denonciatioun ugeet, sou huet d'Maître Lorang erkläert, d'Fraktioun vun der CSV hätt kee Respekt virun hirer Basis gehat: Et wier just drëm gaangen den onbequeme President lass ze ginn. Eleng den Ëmstand, datt d'Denonciatioun fir d'éischt un d'Press gaange wier hätt och de Parquet ënner Drock gesat. Domat wier och d'Absicht kloer.

Mat enger änlecher Argumentatiounslinn huet de Maître Frank Rollinger duerno den Acquittement fir de fréiere CSV-Caissier Georges Heirendt gefrot. Hei geet et jo ëm de Virement vun 8.500 Euro u Sozialkotistatiounen am Interêt vum Frank Engel. Och de Maître Philippe Penning huet duerno den Acquittement fir den CSV-Caissier André Martins gefrot. Deen hätt fir seng Virementen d'Decharge kritt a wier domadder och vun all Virworf fräi.