Wirtschaftlech Stabiliséierung D'Clc erwaart sech Hëllefen, déi net musse rembourséiert ginn

De COVID-19 Stabiliséierungspak fir d'Ekonomie gëtt den Owend vun de Finanz- Ekonomie- a Mëttelstand Ministere Gramegna, Fayot an Delles virgestallt. D'Handelskonfederatioun Clc erwaart sech, datt d'Commercen an d'Independante finanziell vum Staat gehollef kréien, ouni datt se déi Sue musse rembourséieren. Dat seet den Direkter vun der Handelskonfederatioun, den Nicolas Henckes.

Pierre Reyland / cz

Nicolas Henckes
Den Nicolas Henckes ass den Direkter vun der Handelsconfederatioun Clc

Wat d'Loyere fir d'Commercë betrëfft, mécht och d'Clc en Appell un d'Versteesdemech a Solidaritéit vu private Proprietären. Si sollten op d'mannst d'Bezuele vum Loyer verréckelen oder de Loyer reduzéieren, sou den Nicolas Henckes. Den Clc-Direkter betount awer, déi Situatioun fir och fir verschidde Proprietären net esou einfach.

Hie wéisst, datt verschidde privat Proprietäre schonn amgaang wiere sech ze organiséieren, seet den Nicolas Henckes.


Den Nicolas Henckes


"An ech weess awer och vu verschiddene Proprietären, déi awer déi Lokaler, déi 'Surfaces commerciales', duech e Prêt finanzéieren. An datt déi also nach kucken, fir mat hirer Bank dat ze reegelen, fir datt si do selwer net ënnerginn. Dat heescht, dat ass eng ganz komplex Situatioun. An dofir hu mir och als Clc gefrot, datt d'Proprietären dat sollte maachen, wa si et kënnen, well mer ganz genee wëssen, veschiddener sinn och verschëlt fir déi Surfaces commerciales zur Verfügung ze stellen."

Programm

Net verpassen

  • 23.1. Riicht eraus mat der Blanche Weber

    Blanche Weber

    Nieft der aktueller sanitärer Kris ginn et aner Krisen, déi d'Liewen op dësem Planéit veränneren a weider verännere wäerten: De Klimawandel an d'Aartestierwen. Och Ëmweltschützer bréngen et net fäerdeg, e séiert Ëmdenken ze bewierken. Firwat? Ënner anerem doriwwer schwätze mer mat der Mouveco-Presidentin.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen