Radioen

On air

Notturno  |  15 15 - Perfect Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Autoritéit vum EU-Recht geet op en Enn"

Brexit

"D'Autoritéit vum EU-Recht geet op en Enn"

D'Austrëttsprozedur vu Groussbritannien aus der EU soll Enn Mäerz 2017 ageleet ginn. Dat sot d'Premierministesch Theresa May beim Parteidag vun der Conservative Party. Et annoncéiere sech haart Brexit-Verhandlungen.

auto_stories

4 min

Theresa May. Foto: Picture alliance / Annegret Hilse / Svem Simon

D’Prozedur fir aus der Europäescher Unioun auszetrieden ass am Artikel 50 vum Lissabonner Vertrag festgeluecht. Deen Artikel gesäit vir, datt Groussbritannien dem EU-Rot eng Notifikatioun muss areechen, fir matzedeelen, datt d’Land wëllt aus der EU austrieden. Duerno kënnen d’Verhandlungen iwwert een Austrëtts-Accord ufänken. E Sonndeg, 2. Oktober huet d'Premierministesch Theresa May annoncéiert, datt dëst virun Enn Mäerz 2017 soll geschéien.

Well virun allem d’Schotten an d’Nordire majoritär géint ee Brexit gestëmmt haten, huet déi konservativ Premierministesch drun erënnert, datt de Referendum fir ganz Groussbritannien gëllt. Déi concernéiert Verwaltungen a Schottland, Wales an Nordirland solle consultéiert ginn - genee esou wéi déi lokal Autoritéiten a Vertrieder aus der Wirtschaft. "Mee den Job fir iwwer nei Relatioune mat der EU ze verhandelen, ass den Job vun der Regierung." Et géif keen Opt-out gi fir de Brexit, huet d’Theresa May däitlech gesot. Si géif och net zouloossen, datt Nationalisten d'Land géife splécken.

Zougank zum Bannemaart

D'Theresa May huet an hirer Ried um Parteidag vun der Conservative Party betount, datt Groussbritannien och nom Austrëtt aus der EU wéilt mat Europa zesummeschaffen. "Mee mir wëlle selwer decidéieren, wéi mir d'Immigratioun kontrolléieren a mir wëllen iwwer eis eege Gesetzer bestëmmen." Groussbritannien géif probéieren, dee beschten Deal mat der EU auszehandelen, esou déi konservativ Ministesch.

Si wënscht sech eng Zesummenaarbecht am Kampf géint den Terrorismus an ee fräien Handel fir Gidder a Servicer. D'Betriber solle kënnen um EU-Bannemaart deelhuelen an d'EU-Betriber um britesche Bannemaart. "Ech hätt gär, datt den Deal räif Relatiounen erëmspigelt, esou wéi déi vun enke Frënn."

Dat eent net ouni dat anert

D’Halschent vun den Echangen, déi britesch Betriber am Ausland hunn, geschéie bannent der EU. Aus deem Grond ass d'Fro vum Zougank zum Bannemaart fir Groussbritannien kruzial. Ka Groussbritannien een Zougank zum EU-Bannemaart kréien an déi fräi Zirkulatioun vun EU-Bierger limitéieren?

Neen, seet de Jean-Claude Piris, fréiere Generaldirekter vum juristesche Service vum EU-Rot. D'Immigratioun vun EU-Bierger wier eng vun de véier Fräiheete vum Bannemaart. "Da kënne si also net um Bannemaart deelhuelen." Wa Groussbritannien wéilt Handelsaccorde mat Drëttlänner aushandelen, kéint de Staat sech net méi op d'Europäesch Zollunioun oder eng gemeinsam Handelspolitik mat der EU baséieren.

Länner, wéi Norwegen zum Beispill, hätten een Accès op de Bannemaart. Mee si missten och d'Standarden an d'Prinzipie vum Bannemaart respektéieren, betount de Jean-Claude Piris. "Wann d'Briten dat och wëllen, musse si all d'Spillregele respektéieren."

Gesetzesännerungen

D'Theresa May huet an hirer Ried annoncéiert, dat e "Great Repeal Bill", iwwersat een Ophiewungsgesetz, soll ausgeschafft ginn. Domat soll d'Gesetz vun 1972 opgehuewe ginn, an deem de Bäitrëtt vu Groussbritannien an d'EU festgehale war. An deem Gesetz stoung, datt d'EU-Recht a Groussbritannien géif applizéiert ginn.

D'EU-Gesetzer sollen elo an d'britescht Recht iwwerdroe ginn. Wann de Brexit bis a Kraaft trëtt, kéinten dës Gesetzer da geännert oder ofgeschaaft ginn. "Den Effet wäert kloer sinn: Eis Gesetzer ginn net méi zu Bréissel gemaach, mee zu Westminster. D'Autoritéite sëtzen dann net méi zu Lëtzebuerg, mee a Geriichter hei am Land."

Am Detail soll de "Great Repeal Bill" am Mee d'nächst Joer an der Ried vun der Queen presentéiert ginn.

Brexit muss verhandelt ginn

Den Austrëtt vu Groussbritannien gëtt mat der EU negociéiert, wann d'Notifikatioun iwwer de Brexit un den EU-Rot adresséiert gouf. Laut dem Lissabonner Traité kënnen dës Verhandlunge bis zu zwee Joer daueren. Deen Delai kann awer verlängert ginn.

Während deenen zwee Joer bleift Groussbritannien Member vun der Europäescher Unioun a muss seng Engagementer anhalen. Donieft behalen d'Briten hiert Stëmmrecht. An den Debatte vum EU-Rot an de Minister-Conseile misst Groussbritannien sech awer zréckzéien, wann et em de Brexit geet, ënnersträicht de Jean-Claude Piris. Wann Dossieren, wéi d'Fräihandelsaccorde wéi TTIP oder CETA, oder Gesetzer géife verhandelt ginn, dierften d'Briten awer derbäi sinn.

De Jean-Claude Piris erkläert, et géifen zwou Phasen an de Brexit-Verhandlunge ginn. Déi Éischt betrëfft de reelle Scheedungsaccord. Iwwer déi bilateral Relatioune kéint dann nom Austrëtt verhandelt ginn. Iwwerdeems dierft Groussbritannien, esou laang et EU-Memberstaat wier, keng bilateral Accorde mat Drëttlänner ofschléissen. Dat wier eng Missioun vun der EU-Kommissioun.