Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Synthesis - Dear Dear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Situatioun vun der Superdreckskëscht muss regulariséiert ginn

No Avis vu Chamberverwaltung

CSV: Situatioun vun der Superdreckskëscht muss regulariséiert ginn

Am Dossier Superdreckskëscht besteet d'CSV drop, datt d'Situatioun regulariséiert gëtt. Fir si steet ausser Fro, datt d'Chamberverwaltung mat engem rezenten Avis richteg läit. Deemno hätt de Kontrakt vun 2018 tëscht dem Staat an der Firma Oeko Services Lëtzebuerg, déi d'Superdreckskëscht bedreift, misse mat engem Spezialgesetz vun der Chamber ofgeseent ginn. Dat misst elo nogeholl ginn, sou de Fraktiouns-Co-President Gilles Roth den Donneschdeg virun der Press.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D'Fro déi sech géif stellen ass, ob een d'Situatioun esou iwwerhaapt kéint regulariséieren oder ob een net "vun null" misst ufänken, sou de Gilles Roth. Déi Fro misst nieft der Chamber och de Conseil d'Etat tranchéeren. Et wier deemno um Staatsrot ze klären, ob et iwwerhaapt méiglech ass, d'Situatioun nodréiglech an d'Rei ze bréngen, oder ob déi ganz Prozedur - vun der Ausschreiwung bis bei d'Attributioun vum Kontrakt - nach eemol komplett nei opgerullt muss ginn.

Onofhängeg dovun, erwaart d'CSV Äntwerten op eng ganz Partie oppe Froen an deem Dossier. Froen, déi zum Deel duerch deen onkompletten Audit opgeworf gi wieren, deen d'Ëmweltministesch viru véier Méint virgestallt hat. D'Carole Dieschbourg wier der Chamber Rechenschaft schëlleg, sou de Gilles Roth.

Gilles Rothplay_arrow

"Mir hätte gär, dass dat a voller Transparenz geschitt. Geschitt dat net an der zoustänneger Ëmweltkommissioun oder mat der Budget-Kontrollkommissioun zesummen, da wäerte mir deen Debat am Plenum féieren. A mir wäerte gegebenenfalls - wann dann nach gemauert gëtt - eng Enquête-Kommissioun froen."

Dee Moment wier et dann un der Koalitioun ze decidéieren ob se "31-29 un der Koalitions-Raison" festhält, oder ob se fir Transparenz wéilt stoen, sou de Gilles Roth. Da wier et och intressant ze gesinn, ob déi gréng och bei sech selwer héich Transparenz-Moosstief usetzt, oder net, sou nach den CSV-Co-Fraktiounspresident.