Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "CSV nach ëmmer mat sech selwer beschäftegt"

Meenung

"CSV nach ëmmer mat sech selwer beschäftegt"

D'CSV huet d'lescht Woch op sech opmierksam gemaach wéi si an der Fro vum decisive Verfassungsreferendum hier Positioun nees geännert huet. Wéi mir dat gemellt hunn, hunn d'Deputéiert Marc Spautz a Michel Wolter bewierkt, datt et vläicht awer zu engem finale Referendum kënnt. Zwee Joer virun de Chamberwalen, an aacht Joer nom Wiessel an d'Oppositioun, hunn déi Chrëschtlech-Sozial bewisen, datt se nach ëmmer mat sech selwer beschäftegt sinn. E Kommentar vum Jean-Claude Franck

auto_stories

3 min

Den 20. Oktober 2013 am Laf vum Walowend muss de Jean-Claude Juncker en einsame Mann gewiescht sinn. D'CSV hat grad dräi Sëtz verluer, mee net nëmmen dat: Vun den zwee potentielle Koalitiounspartner huet kee sech gemellt fir dem Premier schéin ze schwätzen. LSAP an DP wieren allebéid a Fro komm fir eng confortabel Majoritéit mat der CSV ze forméieren. Mee dat hu si net gemaach: Si hunn et virgezunn zesumme mat de gréngen ze schwätzen an eng Koalitioun ouni d'CSV ze forméieren. Déi an de Kulissen, déi domat e Problem haten, krute sech net duerchgesat: Ze vill Schierbelen haten d'CSV-Politiker an de Jore virdru provozéiert. Si krute vun deenen anere Parteien Arroganz virgeheit. An an de villen Affären an de Jore virdrun huet d'CSV et och net fäerdeg bruecht, mat Bescheidenheet déi richteg Lektiounen ze léieren.

Déi Chrëschtlech-Sozial hu laang gebraucht fir hir Wonnen ze lecken, an haut muss ee feststellen: Si hu sech nach ëmmer net am Grëff. D'Chamberwale vun 2023 schénge fir d'Partei als e Ganzt nach wäit ewech. Wärend an der Chamber dat éischt Verfassungskapitel iwwer eng méi onofhängeg Justiz gestëmmt gouf, souze verschidden CSV-Mandatairen um Geriicht fir sech an der Affär vum CSV-Frëndeskrees ze veräntwerten. E Prozess, dee warscheinlech just zustane koum well d'CSV-Fraktioun esou am Clinch mam deemolege Parteipresident Frank Engel war, datt se decidéiert huet, de Frank Engel (an domat e puer vun hiren eegene Leit) bei der Justiz ze denoncéieren.

"Mir an déi aner"

Och d'lescht Woch dunn hunn de Marc Spautz an de Michel Wolter et fäerdeg bruecht, d'Positioun an der Fro vum Verfassungsreferendum ze kippen, déi virun zwee Joer ënnert dem Frank Engel fonnt a rezent nach an engem Nationalcomité confirméiert gouf. Net, datt dat prinzipiell verkéiert wier: Mee wéi mer dat schonn d'lescht Woch hei um Radio gemengt hunn, ass et bei de ville Referendumsbeméiungen an de leschte Jore seelen em richteg participativ Demokratie gaange mee méi em d'Taktéiere vu Parteien.

Déi zwee CSV-Süddeputéiert Spautz a Wolter hate scho méi laang d'Meenung, datt déi final Decisioun iwwer eng nei Verfassung sollt beim Vollek leien. Grad wärend dem Frëndeskrees-Prozess hu si sech duerchgesat, wéi wann et eng Retourkutsch wier fir de Vott am Mee fir Frank Engel a Co. bei der Justiz ze denoncéieren. Deemools hate sech d'Juristen ëm de Gilles Roth duerchgesat. Des Kéier war et ëmgedréit: Spautz a Wolter hu "gewonnen", anerer an d'Knéi gezwongen, a wann ee mat de concernéierten Acteuren doriwwer schwätzt, geet iwwer "Mir" an "Déi aner" Rieds. Nom Depart vum Jean-Claude Juncker huet en interne Muecht- a Richtungssträit ugefaangen, an deen ass am Joer 2021 nach ëmmer net eriwwer.

Et huet keen d'Zigelen an der Hand

An zu wat féiert dat ? Datt d'CSV all den anere Parteien d'lescht Woch gewisen huet, datt se nach ëmmer keng gemeinsam Identitéit huet, an dowéinst onberechenbar ass, well keen d'Zigelen an der Hand huet. A sou kéint et ganz gutt sinn, datt 2023 nees keen d'CSV um Walowend urifft, och wa se genuch Stëmmen hätt fir arithmetesch Deel vun enger Koalitioun ze sinn.