Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: "Mir mussen elo iwwer eng Tracing-App schwätzen"

Mesurë géint d'Kris

CSV: "Mir mussen elo iwwer eng Tracing-App schwätzen"

D'CSV wëllt vun der Regierung wëssen, wou d'Pläng fir eng Corona-Warn-App hei zu Lëtzebuerg dru sinn. Et kéint ee scho geschwënn op de Punkt kommen, wou d'Santé et net méi fäerdeg bréngt all d'Nei-Infektiounen ouni digital Hëllef ze tracéieren, esou d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
D'CSV Fraktiounscheffin fuerdert eng Diskussioun iwwer eng Tracking-App an nees méi kloer Messagë vun der Regierung

D'Regierung wier am Moment net esou richteg fir an och net sou richteg géint eng App. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert sot rezent um 100,7, datt Lëtzebuerg séier eng App kéint prett hunn. Der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen no wier et elo un der Zäit "fir den Tirang opzemaachen".

"Well mir kënnen net waarden, bis mer op eemol 60 oder 70 Infizéierter am Dag hunn, an dann net méi kënnen tracéieren. Soss kréie mer dono nach eng Explosioun bei den Infizéierten, just well mer net gäre wëllen iwwer eng Tracing-App schwätzen."

Wann een duerch den Asaz vun enger App e weidere Lockdown kéint verhënneren, da misst een déi Moossnam elo huelen, esou d'CSV-Fraktiounspresidentin.

"Et feelt e klore Message"

D'CSV fuerdert och, datt d'Regierung méi kloer sanitär Recommandatiounen erausgëtt. Dofir bräicht een net onbedéngt déi zwee Covid-Gesetzer ze änneren, esou d'CSV-Fraktiounscheffin.

D'Regierung kéint de Leit elo schonn de Message ginn, datt et weiderhin net ubruecht ass, sech a grousse Gruppen doheem ze treffen. Wann dat kloer a verständlech gemaach gëtt, da géifen d'Leit sech och drunhalen, mengt d'Martine Hansen. D'Regierung misst och méi kloer soen, op wéi enge Plaze Leit sech mam Coronavirus ustiechen.

"Mir wëllen einfach wëssen: Ass et just am private Beräich? Ass et op Schaffplazen: ass et am Bau, ass et a Klinicken? Wou ass et?"

D'Informatiounen, déi d'Regierung erausgëtt missten natierlech am Aklang mam Schutz vu perséinlechen Donnéeë sinn, esou d'Martine Hansen. "Mee fir datt mer kënne reagéiere, a wësse wou mer solle reagéieren, misste mer och wëssen, wou déi Fäll do hierkommen", esou d'CSV-Fraktiounspresidentin.