D'CSV stécht an enger Kris. De Frank Engel, Parteipresident déi lescht zwee Joer, war rezent vun der der CSV-Fraktioun bei der Justiz denoncéiert gi wéinst presuméierten Irregularitéite mat engem Aarbechtskontrakt bei der ASBL CSV-Frëndeskreess. Doropshin huet de Frank Engel op eng nei Kandidatur als CSV-President verzicht an en huet d'Grënnung vun enger neier Partei net ausgeschloss. Um Kongress de 24. Abrëll trëtt eng nei Equipe fir d'Spëtzeposten un.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ CSV: Keng Géigekandidature fir Spëtzeposten
National Politik
CSV: Keng Géigekandidature fir Spëtzeposten
Fir d'Spëtzeposte bei der CSV ginn et keng Géigekandidaturen zu deenen, déi d'lescht Woch annoncéiert goufen. Dat krute mir bei der CSV op Nofro hi confirméiert. Um Parteikongress de 24. Abrëll ass den Deputéierte Claude Wiseler also eenzege Kandidat fir President ze ginn. Den Europadeputéierte Christophe Hansen ass eenzege Kandidat fir de Poste vum Generalsekretär.
auto_stories
1 min