Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: "D'Grondsteier ass eng waarm Gromper"

Logement

CSV: "D'Grondsteier ass eng waarm Gromper"

De Co-Fraktiounschef vun der CSV rechent net domat, datt nach virun de nächste Walen eng méi héich Grondsteier ufält. D'Majoritéitsparteie wieren net drun interesséiert d'Bierger virun de Wale méi staark ze belaaschten. D'Reform vun der Grondsteier wier dofir "eng waarm Gromper".

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Den CSV-Politiker kann och net novollzéien, firwat d'Regierung am Kader vun dëser Reform en nationale Wunnengsregëster wëllt schafe fir erauszefannen, wéi eng Wunnenge bewunnt sinn a wéi eng net. D'Gemenge wéissten an der Reegel gutt driwwer Bescheed, wéi eng Haiser a Wunnenge bewunnt wieren a wéi eng Terrainen net bebaut wieren. "Ech mengen de Modell [vun esou enger Reform] keint een diskutéieren, onofhängeg vum Inventaire. An et ass dat wat mir verlaangen."

D'CSV fuerdert eng Steierreform, déi fir méi sozial Gerechtegkeet suergt. De Co-Fraktiounschef Gilles Roth seet, et wier fir seng Partei "keen Tabu" fir d'Steiere fir Leit mat ganz héijem Akommes unzehiewen. Seng Partei kéint sech och virstellen, de Spëtzesteiersaz erop ze setzen. Gläichzäiteg fuerdert d'CSV, datt Leit mat nidderegen a mëttelheijen Akommes manner Steiere musse bezuelen.

"Mir sinn als CSV der Meenung, datt een elo - no der Kris - déi breet Mëttelschicht muss steierlech entlaaschten. Dat sinn déi Leit, déi géint Loun a Gehalt all Dag schaffe ginn."

Dat wier elo zënter ronn néng Joer net geschitt, d'Kafkraaft vun de Leit wier an deem Zäitraun steeteg erofgaangen. Dat wier net gerecht an dofir plädéiert d'CSV dofir, datt d'Steierlaascht fir d'Mëttelschicht erofgesat gëtt.

D'CSV ass ausserdeem dofir fir um ënneschte Wupp vun der Lounskala méi Leit ganz vun der Lounsteier befreien. De Gilles Roth plädéiert dowéinst dofir, datt de Seuil ugehuewe gëtt, vun dem un een ënnert d'Lounstéier fält.