D'Presidentin vun der CSL, d'Nora Back, schwätzt vun enger ongerechter Steierpolitik a seet, et géif déck Zäit ginn, dës Ongerechtegkeeten aus dem Wee ze raumen:
"Mir hunn eng ongerecht [...] Verdeelung vun der Besteierungslaascht tëschent Aarbecht a Kapital, a mir hunn an eisem Barème vun de Personnes physiques selwer och Ongerechtegkeeten dran."
De Steierbarème misst un d'Inflatioun ugepasst ginn, esou d'CSL-Presidentin.
Aarmutsrisiko muss bekämpft ginn
D'Regierung hätt am Budget 2023 och keng spezifesch Mesurë virgesinn, fir den Aarmutsrisiko an eiser Gesellschaft ze bekämpfen, gëtt den Direkter vun der Salariatskummer Sylvain Hoffmann ze bedenken. Dobäi läit den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg bei de Leit déi schaffe bei 13 Prozent.
Et hätt ee schonn d'lescht Joer e Plan d'action mat kloren Objektiver a Mesurë gefuerdert, fir dës Tauxen erofzekréien, esou nach de Sylvain Hoffmann. Dofir fuerdert d'CSL op en Neits eng Opwäertung vum Kannergeld, der Allocation de vie chère an der Mindestrent.
Fir weider Mesurë wier Sputt am Budget do
Dës gefuerdert Mesurë géifen alles eppes kaschten, awer et wier nach Sputt do, mengt den CSL-Direkter:
" [...] dat liest een och aus dem Avis vum Conseil des Finances publiques an d'europäesch Kommissioun huet och a sech méi eng positiv Appreciatioun gemaach vun der Situatioun vum Budget par Rapport zu deem, wat u sech am Text selwer vum Budget drasteet."
Wat d'Staatsschold ugeet, esou wier Lëtzebuerg nach wäit ënner dem europäesche Standard vu 60 Prozent an och ënner deenen 30 Prozent vun der nationaler Wirtschaftsleeschtung, déi d'Regierung sech selwer ginn hätt, esou nach de Sylvain Hoffmann.