Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cross-Country-Championnat gouf kuerzfristeg annuléiert

Liichtathletik

Cross-Country-Championnat gouf kuerzfristeg annuléiert

Dat nationaalt Cross-Championnat gouf kuerzfristeg ofgesot, obwuel d'Santé e Konzept mat Schnelltester guttgeheescht huet an d'Sportaart am Fräien ausgeüübt gëtt. Dës Decisioun gouf no Récksprooch mam Ministère geholl ginn, seet d'FLA-Presidentin Stéphanie Empain.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Eigentlech hätten d'Cross-Championnater zu Diddeleng sollen organiséiert ginn: dat war scho méi fréi wéinst de Covid-19-Mesuren ofgesot ginn. Duerno hat de Veräin CA Bieles Wëlles just Seniore-Coursen e Sonndeg, de 7. Mäerz zu Bieles ze organiséieren.

Elo gouf d'Championnat kuerzfristeg ofgesot. An enger urgenter parlamentarescher Fro hunn déi zwee CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt a Georges Mischo vum Sportminister Dan Kersch (LSAP) nogefrot, wéi et dozou komm ass.

Wéi d'Demande fir d'Cross-Championnater bei der FLA erakomm ass, wier nach den ale Gesetzestext en vigeur gewiescht, seet d'FLA-Presidentin Stéphanie Empain, déi och fir déi gréng an der Chamber sëtzt. Zu deem Moment hätt d'Federatioun gesot, datt d'Ofhale wier eng Optioun, "awer nëmme wann dat neit Gesetz dat dann och géif hierginn".

Ënnerschiddlech Interpretatioun

Déi aktuell Mesurë géifen awer soen, datt Competitiounen am Eenzelsport just fir Kaderen a fir d'Membere vun de Formatiounszentere méiglech sinn, erkläert d'FLA-Presidentin; et wieren awer Interpretatiounsdivergenzen am Text ginn. "Fir do ze tranchéieren hu mir Rot beim Ministère geholl."

Et wier confirméiert ginn, datt dem aktuelle Gesetz no esou ee Championnat net méiglech wier. D'Stéphanie Empain schwätzt vun enger gemeinsamer Entscheedung vun FLA a Sportsministère. Dës Interpretatioun hätt d'FLA-Presidentin, genee wéi "e groussen Deel vum Comité", och scho "laang virdru" de Membere vum Veräin kommunizéiert.

Frust bei de Veräiner

De Comité vum Veräin CA Bieles huet sech e Méindeg op Facebook "extrem enttäuscht" gewisen, datt déi aktuell Situatioun d'Evenement net zouléisst. De Veräin stellt och d'Fro nom Stellewäert vun der Liichtathletik am Verglach zu anere Sportaarten.

D'FLA-Presidentin seet, si géif de Frust bei de Veräiner verstoen. D'Decisioun wier awer elo definitiv gefall, datt et dëst Joer kee Cross-Championnat wäert ginn.

Sportsministère huet keng aner Méiglechkeet gesinn

De Sportminister hat keng aner Méiglechkeet wéi ze roden, datt d'Cross-Country-Championnat mat engem Massestart ënner den aktuelle Covid-19-Bestëmmungen leider net méiglech ass: dat äntwert den Dan Kersch (LSAP) de béiden CSV-Deputéierten Nancy Kemp-Arendt a Georges Mischo op hir urgent parlamentaresch Fro.

Am anere Fall hätt de Minister sech enger "flagranter Mëssuechtung vum Gesetz schëlleg gemaach", heescht et weider. Déi noutwenneg sanitär Préiwung vun engem Konzept géif net déi juristesch Préiwung ersetzen. De Fait, datt d'Coursen am Fräie gewiescht wier, géif hei absolut keng Roll spillen.

De Minister schreift och, datt e Cross-Championnat am Modus "contre la montre" méiglech gewiescht wier, net awer mat engem Massestart.