Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Croix Rouge a Caritas maachen Opruff fir Kleeder ze spenden

Solidaritéit

Croix Rouge a Caritas maachen Opruff fir Kleeder ze spenden

Dëst Joer sinn zu Lëtzebuerg nach méi Mënschen op Kleederspenden ugewise wéi gewinnt. D'Caritas a Croix Rouge hunn dofir zesummen en Opruff lancéiert. Mir beim Roude Kräiz nogefrot wat elo am dréngendste gebraucht gëtt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi och schonn de Jore virdrun, sichen déi zwou Hëllefsorganisatioune geziilt no Wantergezei. Virun allem wier een nees op Männerkleeder an de Gréissten M an S ugewisen, seet d'Nadine Conrardy, Responsabel vun der Croix Rouge. Et géif een awer och generell Wanterjaketten an alle Gréisste brauchen.

D'Kleeder géife fir all d'Beneficiairë gebraucht ginn, erkläert déi Responsabel vun der Croix rouge weider. "An éischter Linn fir d'Croix Rouge an d'Caritas. Awer och all déi aner sozial Ariichtungen déi bei eis kënnen e Bong ausstellen, datt hir Leit bei eis kommen, wéi zum, Beispill d'Offices sociauxen."

Dëst Joer géifen och vill Leit Kleeder siche kommen, déi Asyl oder Protectioun ugefrot hunn. Mee och Persounen, déi scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnen, kéinten an d'Kleederstuff kommen.

Keng al a futtis Kleeder spenden

D'Nadine Conrardy mécht dann och de Rappell, datt d'Kleeder sollen an engem gudden Zoustand sinn. Hei gëllt:

"Wann ee se selwer nach géif undoen, mee se vläicht net méi undeet well se ze kleng oder ze grouss sinn, da si se nach gutt. Wann ee lo selwer seet, do ass e Fleck dran oder do ass e Lach dran, dat dinn ech selwer net méi un, da wiere mer och frou wann der eis se net gitt, well soss hu mir och vill Aarbecht beim Aussortéieren."

D'Kleeder kann een entweder direkt am nationale Centre de Tri zu Léiweng ofginn oder op verschidde Point de Collecten, ewéi zum Beispill an den 12 Epicerie Socialen uechtert d'Land.