Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Crèche Bous: Optakt vu Prozess géint fréier Responsabel

Virwërf vun absichtlecher Kierperverletzung

Crèche Bous: Optakt vu Prozess géint fréier Responsabel

Haut war den Optakt vun engem Prozess ëm eng fréier Responsabel vun enger Crèche zu Bous. Hir gëtt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer an Iessensentzuch virgehäit.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Faite solle sech tëschent 2014 a Mëtt Oktober 2017 an der Crèche Léiwe Léiw zu Bous ofgespillt hunn. Eng 20 Kanner am Alter tëschent null a véier Joer waren dee Moment an der Crèche ageschriwwen.

"Coups et blessures graves avec préméditation"

Der Responsabel vun der Crèche gëtt coups et blessures avec préméditation virgehäit. Si soll Mataarbechterinne geschloen an un den Hoer gerappt hunn.

Et soll och Gewalt vis-à-vis vun de Kanner gi sinn, si sollen zum Deel forcéiert gi sinn, Saachen ze iessen, déi si net wollten iessen.

24 Zeie ginn an dësem Prozess gehéiert, dee sech iwwer e puer Woche wäert zéien.

Bilan vum éischten Dag

Um éischten Dag vum Prozess huet den Affekot vun der Beschëllegter mat enger Rei vu Moyene probéiert, Prozedurfeeler opzeweisen, notamment wat d'Delaien ugeet. Déi Beschëllegt wier un der ganzer Prozedur net bedeelegt ginn, huet et geheescht.

Den Affekot vun der Beschëllegter huet weider argumentéiert, datt de Prozess eigentlech net virun d'Chambre criminelle mee virun de correctionnelle géif gehéieren. Just ee vu 16 Faite géif iwwerhaapt fir e crime a Fro kommen, et handelt sech dobäi ëm eng Brandwonn.

Schliisslech huet de Maître Ferdinand Burg de huis clos gefrot, well vun de Faite mannerjäreg Kanner betraff wieren. Hie wéilt net véier Woche laang d'Kanner just mat den Initialen nennen, fir datt se an engem ëffentleche Prozess anonym bleiwen.