Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CPJPO: D'Situatioun vun de Palästinenser wäert sech verschlechteren

Israel: Retour vum B. Netanjahu

CPJPO: D'Situatioun vun de Palästinenser wäert sech verschlechteren

De Palästinenser hir Situatioun géif sech mat grousser Warscheinlechkeet an den nächste Méint verschlechteren, dat ass d'Aschätzung vum Michel Legrand aus dem Comité pour une paix juste au proche-orient. Duerch de Retour vum Benjamin Netanjahu un d'Spëtzt vun Israel an d'Koalitioun mat rietsextremen a streng reliéise Parteien, géif sech déi israelesch Politik sécher nach verhäerten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Suerge maachen dem Michel Legrand vum Comité pour une paix juste au proche-orient (CPJPO) virun allem déi geplangten Ännerungen um israelesche Justizsystem vun der neier israelescher Regierung. A sengen Aen sinn dës eng grouss Gefor fir d'Demokratie.

De Michel Legrand hofft, datt d'Gefor vun dësen Entwécklungen och der israelescher Bevëlkerung bewosst ass.

"Je crois que des choses peuvent bouger si l'Europe prend conscience suffisement des enjeux et si il y a suffisement de population au sein d'Israel qui prend conscience aussi des retombées que ça risque d'avoir sur la démocratie ou ce qui reste de la démocratie en Israel."

M. Legrand: Et ass Zäit, datt d'EU reagéiert

Et wier donieft och un der Zäit, datt europäesch Länner reagéieren, fënnt de Michel Legrand vum CPJPO.

Ëmmerhi géif Israel schonn zanter Joerzéngte rout Linnen iwwerschreiden, ouni datt et richteg Sanktioune vun der EU gouf, seet hien:

"Mais est-ce que la ligne rouge actuelle et celles qui vont être dépassées dans les prochaines semaines et dans les prochains mois, est-ce qu'ils vont encore accepter qu'elles soient dépassées sans réagir. C'est à dire, sans réagir au niveau de la parole mais surtout sans réagir au niveau de l'action."

Widderstand aus der Bevëlkerung

Well déi nei Regierung schonn ugekënnegt huet, hir Siidlungen a Palästina wëllen auszebauen, fäert een am CPJPO, datt et kéint zu gewaltsamen Ausernanersetzunge kommen, esou de Michel Legrand. Mat dësen Usiichten ass hien net eleng.

Wéinst rassisteschen an homophoben Äusserunge vu verschiddene Koalitiounsmemberen, gouf et scho Widderstand aus verschiddenen Deeler vun der Bevëlkerung: Protester gouf et vu Vertrieder aus dem IT-Beräich, Entrepreneuren, Dokteren an aus der Aviatioun.

Iwwer 100 fréier Ambassadeuren an Diplomaten hunn den Netanjahu an engem Bréif virun enger Schiedegung vun den internationale Bezéiunge gewarnt.

Reaktioune vun den USA

Den US-Ausseminister Antony Blinken hat als Reaktioun op déi nei Regierung schonn Ufank des Mount virun enger Ausweidung vun de Siidlungen, den Ambitioune fir eng Annexioun vum Westjordanland, dem Ofrappe vun Haiser a weidere Provokatioune gewarnt.

Och den US-President Joe Biden hat zur Vereedegung vun der riets-reliéiser Regierung an Israel d'Ziil vun enger Zwee-Staate-Léisung am No-Ost-Konflikt betount.