Covidcheck CovidCheck keen operationellen Impakt op Luxair
De Gilles Feith, Direkter vun der Luxair, hat dofir gewarnt, datt de Covidcheck en Impakt op déi lafend Operatioune vun der nationaler Fluchgesellschaft kéint hunn. Den OGBL confirméiert, datt den éischte Méindeg nom Aféiere vum 3G-Regime an de Betriber roueg ofgelaf ass, an datt et net zu gréisseren Ausfäll vu Personal komm wier.

Och bei der Luxair si keng zousätzlech Problemer duerch de CovidCheck entstanen, seet de Gilles Feith, Direkter vun der Luxair. Déi national Fluchgesellschaft hat am Virfeld virun engem CovidCheck-bedéngten operationellen Impakt gewarnt, dat well bal 40 Prozent vun de Salariéeën hire Covid-Status net beim Employeur deklaréiert haten.
Zu engem gréisseren Ausfall vu Salariéeë wier et awer net komm, seet de Gilles Feith. Den Absenteismus wier duerch de CovidCheck net an d'Luucht gaangen. Den Taux vun den Absencë bei der Luxair géif tëschent 10 an 13 Prozent leien, preziséiert de Gilles Feith:
"Eisen Absenteismus ass extrem héich - vill ze héich. Et ass e generelle Problem bei der Luxair, wou mir spéider dono musse kucken. Deen ass elo accentuéiert duerch den Effet vum Covid, mee de CovidCheck u sech huet den Absenteismus net wierklech an d'Luucht gedriwwen."