Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Unconditional Feat. Rationale

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck fir Staatsbeamten: "Bis elo net vill Reklamatiounen"

Staat

CovidCheck fir Staatsbeamten: "Bis elo net vill Reklamatiounen"













An der Fonction Publique wier d'Aféiere vum CovidCheck-Regimm bis elo ouni gréisser Problemer verlaf, sou den zoustännege Minister Marc Hansen. Wéi vill Staatsbeamten e CovidCheck-Certificat op hirer Aarbechtsplaz musse weisen, konnt hien net genee soen. Et géif nämlech vun den eenzelne Servicer ofhänken, wéi de System applizéiert gëtt.











auto_stories

2 min

De Marc Hansen betount awer bis op eng oder zwou Ausnahme géif et bis elo keng Staatsbeamte ginn, déi refuséiere sech impfen oder testen ze loossen. Et wieren awer bis elo nach keng disziplinär Mesuren dowéinst geholl ginn.

"Elo muss ee kucken op dat vläit just een ass, den den eischten Dag elo net kënnt. Do gëtt et dat eent oder anert Schreiwes, wou een dat a Fro gestallt huet."

Elo misst een ofwaarde wéi sech d'Situatioun entwéckelt, seet de Marc Hansen. "A vläit ass dat och just am Ufank eng kleng Manifestatioun dovun datt een eppes net an der Réi fennt."

Wann een allerdéngs fir méi eng laang Zäit net op d'Aarbecht kënnt, well een de CovidCheck refuséiert, da géifen déi selwecht Prozeduren an d'Weeër geleent ginn, wéi bei all anerem Staatsbeamten, dee seng berufflech Obligatiounen net erfëllt, esou de Marc Hansen. A leschter Instanz kéint dat bedeiten datt ee seng Aarbechtsplaz verléiert.

Déi néideg Prozedure wieren en place

Staatsbeamten déi längerfristeg géife refuséiere sech impfen oder testen ze loossen, géifen elo d'selwecht behandelt ginn, ewéi aner Staatsbeamten, déi hir berufflech Obligatiounen net erfëllen, esou de Minister vun der Fonction publique.

"Hei kënnt elo nach déi Obligatioun fir Moies de Certificat ze weise mat dobäi. Et ass am Fong net eng Obligatioun fir den Test ze weisen, mee eng Obligatioun fir op senger Aarbecht opzetauchen. A wann Dir géint iergendeng Obligatioun beim Staat verstousst, da gëtt et Prozeduren. An déi ginn och elo hei genee esou applizéiert ewéi soss, wann et dann iwwer länger Zäit esou wier, datt een net op der Aarbecht optaucht."