Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covidcheck: Appell un d'Salariéë fir solidaresch ze sinn

Jean-Paul Olinger

Covidcheck: Appell un d'Salariéë fir solidaresch ze sinn

De CovidCheck op der Aarbecht gëtt elo landeswäit generaliséiert. Fir d'Patronatsorganisatioun UEL ass déi gréissten Erausfuerderung elo awer d'Hausse vun de Covid-19-Infektiounen. Mat enger Hausse vun de Covid-19-Fäll bannent de leschte Wochen, si méi Salariéen an Isolatioun oder a Quarantän. Wat fir d'Betriber eng reell Erausfuerderung bleift, betount de Jean-Paul Olinger, Direkter vun der Union des entreprises luxembourgeoises.

auto_stories

2 min

De Jean-Paul Olinger vun der UEL. Foto: Archiv

Fir de CovidCheck an de Betriber ëmzesetzen, bräicht een ee gewëssene Rodage fir d'Kontrollen ze realiséieren. Concernéiert ass u sech jo eng Minoritéit vun de Salariéen, déi sech net op Lëschten ageschriwwen hunn an déi dann all Dag mussen iwwerpréift ginn. De Jean-Paul Olinger erwaart sech vun e Méindeg un ee groussen Impakt.

Intern Accorden iwwer d'Ëmsetzung

Positiv wier, datt d'Betriber mat Zäite konnte mat de Personalvertrieder iwwer déi konkret Ëmsetzung diskutéieren, ënnersträicht de Jean-Paul Olinger.

"D'Betriber hate jo lo Zäit fir déi Lëschten ze erstellen a fir hir Mataarbechter ze informéieren. Et gi Betriber déi regroupéiert Tester organiséieren oder wou d'Läit sech zesummendinn an zu engem gewëssenen Ament wärend dem Dag an d'Apdikt fueren oder op eng aner Plaz fir sech testen ze loossen. Donieft ass et jo och esou datt déi Läit déi sech eng éischte Kéier impfe loossen, déi kréien dann och Bongen a kënnen sech dann iwwert d'Arméi teste loossen. Dat ass och eng grouss Hëllef."

Appell un d'Salariéë solidaresch ze bleiwen

D'UEL lancéiert een Appell un d'Salariéeë. fir solidaresch ze bleiwen, och wann een d'Méiglechkeet huet an de Congé ze goen, präziséiert de Jean-Paul Olinger.

"Ee Mataarbechter deen net op d'Aarbecht kënnt, deen hannerléisst senge Kolleegen eng zousätzlech charge de travail. Mee et ginn och Reegelen, déi mat de Gewerkschafte festgeluecht goufen, datt een entweder Congé oder Congé sans solde kann huelen, wann ee sech net wëllt all Dag teste loossen. Da spille mer no de Reegelen. Natierlech wann elo méi Krankeschäiner kommen, ass dat ze verwerfen. Wa se op Basis vu falschen Aussoen ausgestallt goufen, dann ass dat eng Fraude."