Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-19: Adaptéierten Impfstoff ass disponibel

Impfcampagne

Covid-19: Adaptéierten Impfstoff ass disponibel

Zanter gëschter kann ee sech hei am Land mam neien adaptéierte Corona-Vaccin, deen och d'Omikron-BA1 Variant ofdeckt, boostere loossen. Eng Prioritiséierung wier den Ament net néideg, esou de Luc Feller. Dem Haut-Commissaire à la protection nationale no géif d'Unzuel un Impfstoffer duergoen, fir datt jiddwereen, deen eligibel ass, sech kann impfe loossen.

auto_stories

2 min

Knapp 200.000 Impfstoffer krut Lëtzebuerg bis elo geliwwert. Bis um Enn vum Joer solle weider Impfstoffer ukommen, esou de Luc Feller. Déi nei adaptéiert Vaccine vu Pfizer a Moderna sollen als Booster no enger éischter Impfung gesprëtzt ginn oder als zweete Booster fir Leit déi iwwer 60 Joer hunn a fir Risikopatienten esou de Luc Feller.

Et hätt een och genuch Commandë gemaach, esou datt ee sech och am Fall vun enger neier Well keng Suerge misst maachen oder wann en neien Avis vun der autorités sanitaires géif kommen.

"Den Ament ass et jo sou datt den zweete Booster ab 60 Joer proposéiert gëtt. Wann dat géif ausgeweit ginn, maache mir eis a ce Stade keng Suergen, wat d'Quantitéit vun de Vaccinen ugeet déi mir bis um Enn vum Joer kréien."

Zil ass et fir den Impftaux weider an d'Luucht ze setzen

D'Regierung wéilt elo e Maximum u Leit erreechen an iwwerzeege fir sech impfen ze loossen, seet de Luc Feller. Hien hofft datt den Impftaux fir den Hierscht a Wanter an d'Luucht geet. Dofir sollen och Sensibiliséierungscampagnen zesumme mat den Dokteren an Apdikter gemaach ginn. Zil wier et den Taux vun de Geimpften an d'Luucht ze setzen, fir datt ee gutt duerch de Wanter géif kommen.

Den Ament hunn d'Leit d'Méiglechkeet sech am Impfzenter um Lampertsbierg, beim Dokter an den Apdikten oder am Impfbus vaccinéiere loossen. Mëtt Oktober da soll schonn eng weider adaptéiert Versioun vum Vaccin zu Lëtzebuerg ukomme seet de Luc Feller. Dee soll géint déi aktuell Omikron BA5 Variant hëllefen. Ma et géif kee Sënn maachen extra op déi ze waarden, mengt den Haut-Commissaire à la protection nationale.

"Et mécht ëmmer Sënn sech zu all Moment impfen ze loossen. Studie weisen, obwuel mir eng héich Prevalenz vun der Omikron BA5 Variant hunn, datt d'Vaccinatioun ganz effikass ass géint e schwéire Verlaf vun der Krankheet. Dat si Studien déi gemaach goufen op Basis vum initialen Impfstoff."

Doséiert Sprëtze kéinten an den Asaz kommen

Eng weider Neiegkeet déi am Oktober soll kommen ass eng Sprëtz vu Moderna déi prett fir de Gebrauch ass. 100.000 esou Sprëtzen déi direkt an den Asaz kënnen hätt Lëtzebuerg bestallt, esou de Luc Feller. Virun allem mobill Ekippen, Dokteschpraxissen an Apditke kéinte vun dëser Offer profitéieren, well den organisatoreschen Opwand hei vill méi kleng wier.

Mëtt Oktober soll dann och den Impfstoff fir Kanner tëschent 0 a 4 Joer kënnen an den Asaz.