Corinne Cahen (DP) - Aly Ruckert (KPL)

Fir d’DP mussen d’Gehälter am ëffentlechen Déngscht net onbedéngt gekierzt ginn. D’Depense vum Staat missten awer op de Leescht geholl ginn, eng Rei Automatismen iwwerduecht ginn. “Ier un eng Steierhausse geduecht gëtt, muss gekuckt gi wou ka gespuert ginn”, esou d’Corinne Cahen, DP-Kandidatin am Zentrum, de 7. Oktober an engem Face-à-Face mam Aly Ruckert.

“De lëtzebuerger Staat ass am Verglach mat aneren Länner ee vun de Bëllegsten. Wann ee spuere misst, da kéint een dat beispillsweis bei de Militär-Ausgaben, esou d’Positioun vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg. Fir den Aly Ruckert, KPL-Kandidat am Süden, misst ee virun allem kucken, datt de Staat méi Recetten erakritt.

Wat d’Wahlrecht fir d’Auslänner ugeet, fuerdert d’KPL manner streng Konditiounen fir d’lëtzebuerger Nationalitéit. D’DP dogéint wëllt eng Debatt iwwert d’Wahlrecht.

De ganze Face-à-face, moderéiert vum Carole Schimmer:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/4/5/242026_wahlen-2013.mp3"]

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Programmchef/fin

    radio 100,7

    Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen