Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronastep weist grouss regional Ënnerscheeder

Analys vu Klärwaasser

Coronastep weist grouss regional Ënnerscheeder

Quasi de ganze Summer iwwer gouf et am ganze Land eng staark Presenz vum Coronavirus SARS-COV-2 am Ofwaasser. Dat hunn d'Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology bei hiren Analysen am Kader vun der Etüd CoronaStep erausfonnt. Bei den Analyse gouf och nogewisen, datt et grouss geographesch Ënnerscheeder ginn, esou d'Fuerscherin vum LIST Leslie Ogorzaly.

auto_stories

1 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Bei den Analyse vum Ofwaasser gouf nogewisen, datt et geographesch Ënnerscheeder ginn, wat d'Presenz vum neie Coronavirus ugeet, esou d'Fuerscherin Leslie Ogorzaly. A vereenzelte Kläranlage wieren héich Konzentratioune mam Coronavirus festgestallt ginn. Dës Resultater missten awer nach méi am Detail ënnersicht ginn, esou d'Coordinatrice vun der Etüd CoronaStep.

D'Fuerscher vum LIST analyséieren zanter Mëtt Mäerz reegelméisseg d'Presenz vum neie Coronavirus am Ofwaasser. Fir d'Méint Juli an August gouf an allen ënnersichte Kläranlagen eng staark Presenz vum SARS-COV-2 nogewisen. Déi Resultater géife sech och mat de klinesche Resultater an och dem Optriede vun der zweeter Well decken, esou d'Fuerscherin.

Och déi lescht Resultater vun dëser Woch géife weisen, datt de Virus nach ëmmer am Ofwaasser ze fannen ass. Déi an den Ofwaasser gemoosse Konzentratioune géife sech de Moment stabiliséieren a generell net méi eropgoen. Op eenzele Kläranlage géifen d'Konzentratiounen esouguer erofgoen.

Tëschent Mäerz an Ufank Mee, also wärend der éischter Infektiounswell, gouf et och eng staark Presenz vum Virus am Ofwaasser. Duerno war de Virus an de Kläranlage verschwonnen. Zanter Enn Juni/Ufank Juli wier d'Signal erëm opgedaucht, esou d'Fuerscherin.