Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Containerduerf "op illegale Féiss"

Stengefort

Containerduerf "op illegale Féiss"

D'Verwaltungsgeriicht huet den Awunner vu Sténgefort Recht ginn, déi géint d'Autorisatioun fir ee Containerduerf fir Flüchtlinge geklot haten. Eng Biergerinitiativ hat Recours géint eng Decisioun vum Nohaltegkeets- an Infrastrukurminister François Bausch virum Verwaltungsgeriicht agereecht. De François Bausch hat décidéiert, keng déifgräifend Ëmweltetude vum Site duerchzeféieren.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Jan Woitas

De Projet vum geplangtene Containerduerf zu Sténgefort géif "op illegale Féiss stoen", seet de Joé Lemmer, President vun der Biergerinitiativ "Keen Containerduerf am Duerf". Déi hat am Kader vum geplangte Containerduerf fir Asyl-Demandeuren eng déifgräifend Ëmwelt-Etude vum Site gefuedert. D'Regierung huet awer vun esou enger Etude ofgesinn.

Duerch de Projet wiere Flanterméis menacéiert. Donieft wier de Buedem um Site verseucht, sou de Joé Lemmer.

D'Verwaltungsgeriicht huet a sengem Uerteel vum 7. September der Biergerinitiativ domat Recht ginn, datt esou eng Etude hätt misste realiséiert ginn. Déi concernéiert ministeriell Decisioun wier dem Verwaltungsgeriicht no eng "erreur manifeste d'appréciation".

D'Regierung hätt dëst Uerteel awer net ofgewaart, esou de Joé Lemmer. D'Reglement iwwer d'Containduerf wier an der Summerpaus ugeholl ginn.

Regierung respektéiert Uerteel

Et ass deemno d’Fuerderung vun der Biergerinitiativ un den zoustännege Minister an un d’Regierung fir vum Projet Containerduerf zu Sténgefort of ze gesinn. De Nohaltegkeets-an Infrastrukur Minister François Bausch soot op Nofro, hie wéilt dat concernéiert Uerteel mat senge Leit zesumme liesen an analyséieren. D'Regierung géif sech dem Uerteel vum Geriicht beugen an et respektéieren. Wat mam Site Stengefort géif geschéien, géif en Donneschdeg am Regierungsrot diskutéiert ginn, sou de François Bausch weider.

Schon am Summer dëst Joer hätt dat geplangte Containerduerf kéinte fäerdeg sinn. Duerch d'Uerteel vum Verwaltungsgeriicht kéint dëse Projet elo awer a Fro gestallt ginn.

Bäitrag vum Françoise Keller 13.09.2016play_arrow