Commerce

Am Secteur vum Commerce sinn OGBL an LCGB sech an hirer Positioun par rapport zu de Fuerderunge vum Patronat eenz: sie gesi kee Spillraum fir an engem Niddreglounsecteur bei de Lounkäschten ze spueren. A bei der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit kéimen di verlängert Ëffnungszäiten de Betriber scho genuch entgéint ouni dass d’Personal dovunner eppes hätt, sou d’Meenung vun eisen Invitéë Christophe Knebeler (LCGB) an André Sowa (OGBL).

Béid Gewerkschaftler hu sech fir eng séier Ëmsetzung vun der geplangter Reform vum Gesetz iwwert de Sozialdialog ausgeschwat. Dass méi kloer Reegelen an e bessere Schutz vun de Personaldelegatiounen néideg sinn, hätt een bei de  rezente Faillitte vun 20 Kleederbutteker an der Stad gesinn: hei gouf et keng Personaldelegatiounen, obwuel iwwer 70 Leit am Fong fir de selwechte Patron geschafft hunn.

En anere wichtege Chantier ass an den Ae vun de Gewerkschaftsvertrieder d’Aushandele vu neie Branchekollektivvertreeg. Notamment fir di vill Butteker am Beräich Textil a Bricolage géifen esou Vertreeg fehlen.

 

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen