Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNS contra FAPSYLUX

REMBOURSEMENT

CNS contra FAPSYLUX

Wourëms geet et am Clinch tëscht Gesondheetskeess a Psychotherapeuten iwwer eng Prise en charge vun hire Prestatiounen? Explikatioune vum Maurice Molitor.

auto_stories

5 min

Pit Walté: D'Santé mentale vun de Leit ass e grousst Thema, am Moment. An dat net just wéinst der Pandemie an de psychesche Belaaschtungen, déi domat zesummenhänken. De Sujet huet och aner Facetten. Eng dovun huet eppes mat der Gesondheetskeess ze dinn. Wourëms geet et do genee?

Maurice Molitor: Et geet ëm d'Fro, firwat net all Psychotherapie vun der CNS rembourséiert gëtt. Wa mäi Psychotherapeut e Psychiater ass, also en Dokter, da kréien ech meng Suen erëm. Wann ech awer bei e Psycholog ginn, deen natierlech déi néideg Formatioun huet an och als Psychotherapeut unerkannt ass, da muss ech meng Psychotherapie selwer, aus der eegener Täsch bezuelen. Dat soll awer änneren. Dat soll schonn zënter Joren änneren. Mee d'Gesondheetskeess an d'FAPSYLUX, d'Federatioun vun de Psychotherapeute gi sech net eens.

Wat schwätzt dann dergéint, datt d'Gesondheetskeess déi psychologesch Psychotherapien en charge hëlt?

Et schwätzt näischt dergéint: déi net-medezinesch Psychotherapeute sinn zënter 2015 per Gesetz als Gesondheetsberuff unerkannt, eng Prise en charge vun hire Leeschtungen duerch d'Gesondheetskeess wier u sech eng logesch Konsequenz dovun. D'CNS selwer huet och kee fundamentale Problem domat. D'Politik ass dofir, datt eppes op deem Punkt geschitt - jee mam Prinzip vun engem Remboursement vun deenen Therapiekäschten ass am Fong jiddereen averstanen.

Wat ass dann de Problem? Geet et ëm d'Tariffer?

Nee, souwäit si mer nach guer net, datt scho géif iwwer Tariffer geschwat ginn. Do virdru mussen nach aner Steng aus dem Wee geraumt ginn. An deen décksten, deen do läit, ass wuel deen, datt am Code de la Sécurité sociale, deen d'CNS natierlech ze respektéieren huet, steet, datt si just Prestatioune rembourséiert, déi opgrond vu "prescription et ordonnance médicale" gemaach gi sinn. Et muss also en Dokter se verschriwwen hunn. Fir déi psychologesch Psychotherapeuten ass déi Conditioun, deen Ëmwee iwwer e Medezinner fir d'Leit bei si ze guidéieren, awer en absolutten No-go. Si bestinn drop, hire Beruff autonom ausüben ze kënnen. D.h. de Patient muss kënnen direkt bei si kommen, wann en dat wëll, wann e mengt, datt dat ëm kann hëllefen, ouni vun engem Dokter dohi geschéckt ginn ze sinn ... an trotzdeem soll e seng Suen herno vun der Gesondheetskeess erëmkréien.

Wéi kënnt een dann aus där Nummer eraus?

Et kéint een natierlech de Code de la Sécurité sociale op deem enge Punkt änneren. Mee dat hätt onwarscheinlech Konsequenzen, déi guer net ofzegesi sinn: well wa keng Prescriptioun vum Dokter méi néideg ass, fir bei de Psycholog ze goen, da kënnen och aner Gesondheetsberuffer eng direkt Prise en charge vun hire Leeschtunge froen. An dat hätt enorm finanziell Repercussiounen, déi d'CNS net ignoréiere kann. An dofir ass déi Optioun keng wierklech Optioun. Gesicht gëtt éischter no enger kreativer Léisung.

Wéi kéint déi dann ausgesinn?

No deem wat bis elo ugeduecht an diskutéiert ginn ass, kéint et drop erauslafen, datt d'CNS hiren Accord gëtt, fir dräi Seancë beim psychologesche Psychotherapeut d'office ze rembourséieren, ouni weider Konditioun. Déi dräi Sëtzunge géifen dem Therapeut d'Méiglechkeet ginn, de Patient kennen ze léieren, säi Problem ze verstoen, en Diagnostik ze maachen, ze iwwerleeën a wéi eng Richtung d'Therapie kéint goen. An deem selwechten Zäitraum misst de Patient dann awer och bei engem Dokter (sengem Hausdokter z.B.) passéieren: dee soll kucken, ob déi psychesch Problemer net vläicht somatesch sinn (wéi ee seet), ob se also net op iergendwellech kierperlech Ursaachen zeréckzeféiere sinn. Wann en dat ausschléisst, géif en der CNS dat esou matdeelen, déi CNS kréich dee Moment och e Rapport vum Psychotherapeut no den dräi éischte Sëtzungen. An op der Basis vun deenen zwee Schrëftstécker géif d'Gesondheetskeess dann hir Decisioun huelen, ob se d'Psychotherapie iwwerhëlt. Do ass mol rieds gewiescht vun 18 Seancen, déi kéinten iwwerholl ginn, an d'Prise en charge kéint dann nach zweemol ëm jee 18 Seancen (also bis op maximal 54 Sëtzungen am Ganzen) verlängert ginn.

Dat héiert sech jo awer zimmlech konkret un. Ass d'Léisung esou no?

Méiglecherweis schonn. Deslescht hat et eng Kéier gekraacht tëscht CNS a Fapsylux. D'Fapsylux huet duerno an engem Bréif un d'Gesondheetskeess fënnef Punkten opgezielt, Prämissen, déi fir si net negociabel sinn. An d'CNS huet rezent elo dorop geäntwert, si géif mengen op deene fënnef Punkte kéint ee sech eens ginn. Sou datt et elo just nach drëm geet, en Datum ze fannen, fir un de Verhandlungsdësch zeréck ze kommen.

Heescht dat, datt en Accord just nach eng Fro vun der Zäit ass?

D'Bereetschaft an de Wëllen, sech eens ze ginn, sinn op jiddwer Fall op béide Säiten do. An et wier jo och komesch, wann am aktuelle Kontext, wou esou vill iwwer psychesch Belaaschtung geschwat gëtt, iwwer d'Noutwennegkeet Leit, déi et néideg hunn, ze hëllefen, wann an esou engem Moment net vun alle Bedeelegte géif konstruktiv no enger Léisung gesicht ginn.

Mir hunn elo nach weider net iwwer d'Psychiatere geschwat: wéi gesinn si déi Saach iwwerhaapt? Si kréie jo do awer Konkurrenz?

Streng geholl jo. Well ob ech eng Psychotherapie bei engem Psychiater maachen oder bei engem Psycholog, ass am Prinzip dat selwecht. Et sollt op jiddwer Fall dat selwecht sinn. Sou gesi sinn déi zwou Beruffsgruppe scho Konkurrenten. Mee d'Psychiateren (där et net genuch ginn hei am Land, an och anerwäerts gëtt et eng Penurie), déi hunn am Moment esou vill ze dinn, datt se frou wieren, wann d'Psychologen hinnen en Deel vun der Aarbecht géifen ofhuelen. Sou gesi fäerte si do keng Konkurrenz, mee zielen éischter op eng gutt Zesummenaarbecht. Si soe just: D'Psychotherapie kann net alles. Et gi Patienten, wou déi Therapie un hir Grenze stéisst, wou et ouni Medikamenter net méi geet. An déi kënnen nëmme vun engem Dokter verschriwwe ginn.