Gesondheetssystem CNS: Budget ënner Drock, mee keng Kotisatiounserhéijung

Fir d'éischte Kéier zanter den Nowéie vun der Finanz- a Wirtschaftskris riskéiert de Budget vun der Gesondheetskeess nees ënner Drock ze geroden. Eisen Informatiounen no rechent den CNS-Verwaltungsrot fir d'nächst Joer am Budget vun der Assurance-Maladie mat engem Defizit. Eppes méi wéi 100 Milliounen Euro missten aus der Reserve geholl ginn, esou de Budget, deen an de leschten Deeg vum Verwaltungsrot guttgeheescht gouf.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Christian Oberlé

Dës Zuele wëllt de President vun der Gesondheetskees nach net kommentéieren. De Christian Oberlé confirméiert awer, datt d'Covid-Kris zousätzlech Ausgabe fir d'CNS bedeit. Ee Beispill dofir wieren d'Corona-Tester, vun deenen een nach net genee wéisst, wéi héich se schlussendlech géifen ausfalen, esou de Christian Oberlé. Déi Zort vun Tester missten awer vun enger CNS iwwerholl ginn, esou de Christian Oberlé. Hien hätt an deem Sënn och keng Revendicatiounen un d'Regierung, esou den CNS-President.

Hie betount awer, datt trotz dësen zousätzleche Käschten net a Fro gestallt wier, datt an nächster Zäit zousätzlech Traitementer vun der CNS solle rembourséiert ginn, zum Beispill d'Psychotherapeuten. Am Moment stéing och nach net zur Diskussioun d'Cotisatioune fir d'Patronen an d'Salariéen an d'Luucht ze setzen, esou de Christian Oberlé.

Et misst een elo weider ofwaarden, bis een eng méi kloer Siicht doriwwer huet, wéi sech d'Situatioun mam Virus géif entwéckelen "dëst Joer an haaptsächlech d'nächst Joer". Et bräicht een och méi Kloerheet iwwer déi weider Entwécklung vun de Recetten.

Am Moment wier ee bei der CNS "nach an enger Hypothees vu Croissance, mee d'Scheier tëschent eise Recetten an eisen Depensë geet effektiv auserneen". Déi Entwécklung géif een awer schonn zanter 2018 beobachten, esou de Christian Oberlé.

"Dat läit am Fong dorun, datt mer déi Jore virdru relativ staark Reservë konnte constituéieren. Mir mussen eng legal Reserv vun zéng Prozent hunn, a mir si mat de Reserven awer wäit iwwer 20 Prozent gewiescht. A wann ee vill Reserven huet, da seet ee sech natierlech och als Gesondheetskeess: Do kenne mer eis méi Prise en Chargen erlaben, do kënne mer eis erlaben méi Saache vun de Leit ze finanzéieren, oder och méi Investissementer an d'Infrastrukturen an esou ze finanzéieren, wéi dat de Fall wier, wa mer net déi Reserven hätten. An dofir konnt een dat toleréieren déi Joren, well d'Reserven domat awer net iwwerbelaascht waren, an d'Diminutioun vun de Reserven domat net ze staark war."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Corona-Test
Covid-Tester

Covid-Schnelltester kënnen nëmmen ënner gewësse Konditioune vu Virdeel sinn, warnen d'Experten. D'Santé denkt iwwer méiglech Krittären no. Mee och da missten den Experten no d'Tester virsiichteg agesat ginn.

Net verpassen

  • 23.1. Riicht eraus mat der Blanche Weber

    Blanche Weber

    Nieft der aktueller sanitärer Kris ginn et aner Krisen, déi d'Liewen op dësem Planéit veränneren a weider verännere wäerten: De Klimawandel an d'Aartestierwen. Och Ëmweltschützer bréngen et net fäerdeg, e séiert Ëmdenken ze bewierken. Firwat? Ënner anerem doriwwer schwätze mer mat der Mouveco-Presidentin.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen