Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNPD: Rekordstrof géint Amazon Europe

DATESCHUTZ

CNPD: Rekordstrof géint Amazon Europe

Déi Lëtzebuerger Dateschutz-Kommissioun CNPD huet eng Dateschutz-Strof vu 746 Milliounen Euro géint Amazon Europe mat Sëtz um Kierchbierg decidéiert: dës Rekord-Strof, déi scho Mëtt Juli decidéiert gi war, huet de welt-gréissten Online-Händler Amazon hënt selwer bekannt gemaach, a sengem neien Trimester-Rapport.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Amazon hätt géint den europäeschen Dateschutz-Reglement verstouss, esou d'Argumentatioun vun der Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun fir d'Strof vu 746 Milliounen Euro.

Amazon weist dëse Virworf zeréck an huet an engem Communiqué ugekënnegt, wëllen an Appell ze goen. Et hätt keng Dateschutz-Verletzung ginn, an et wiere keng Clients-Donnéeën un Drëtter gaangen, esou d'Reaktioun vun engem Spriecher vum Grupp.

D'Decisioun vun der Dateschutz-Kommissioun géif op "subjektiven an ongepréiften" Interpretatioune vum europäeschen Dateschutzrecht baséieren. D'Geldstrof vu 746 Milliounen Euro, déi besichtegt wier, stéing souguer bei dëser Interpretatioun a kenger Relatioun dozou. D'Sécherheet vun de Clients-Informatiounen hätt iewescht Prioritéit, heescht et vun Amazon.

Appell géint d'Decisioun vun der CNPD kann Amazon bannent dräi Méint beim Verwaltungsgeriicht maachen. Wa keen Appell géif gemaach ginn, da géif d'Enregistrement-Verwaltung d'Amende anzéien.

Op eis Nofro hin, huet d'CNPD-Presidentin Tine Larsen just confirméiert, datt de 15. Juli eng Decisioun am Kader vun der Dateschutz-Grondveruerdnung fir Amazon Europe Core s.à.r.l. geholl gi wier. Dat Lëtzebuerger Dateschutz-Gesetz vun 2018 géif et net erlaben, iwwer Eenzelfäll ze kommunizéieren. D'Dateschutzkommissioun géif dem Beruffsgeheimnis ënnerleien.

Déi europäesch Duechter-Entreprise vun der US-Entreprise Amazon huet hire Sëtz um Kierchbierg.