De President vun der CNEL Kimon Leners seet, datt d'Schüler frou wiere fir d'nächst Woch erëm kënnen an d'Schoul ze goen. De CNEL hätt och gefuerdert, datt d'Schüler erëm zesummen als ganz Klass d'Rentrée unzefänken. Datt ee sech virum 15. September op fräiwëlleger Basis teste loosse kann, géif d'Schüler rassuréieren, esou de Kimon Leners. "An elo hoffen mer, datt mer an de Schoulen kënnen am Klassesall", esou de President vum Schülercomité.
Duerch de Stufemodell kënnen ënnerschiddlech Mesuren, jee nodeems wéi d'Situatioun an der Communautéit evoluéiert, ënnerschiddlech applizéiert ginn. Et wier der CNEL wichteg, datt doduerch net allzegrouss Ënnerscheeder tëschent de Lycéeën entstinn.
"Chancëgläichheet ass fir eis e grousse Punkt gewiescht. Dofir hu mer och ofgeschwat gehat, datt mer keng Maskeflicht wärend enger Prüfungszäit, bzw. wärend der Prüfung wëllen hunn. Dat gouf esou accordéiert. Dat war eis ganz wichteg, datt wéinstens op deem Punkt ee keng Mask muss unhunn."
Et wier "e bësse" Kommunikatioun tëschent CNEL an Educatiounsministère ginn, et hätt een awer och kënne méi mateneen schwätzen, esou de President vum nationale Schülerkomité. Mee en gros wier een awer mam Plang zefridden. "Et ass net grad e schlechte Plang a mir hoffen, datt e gutt ausgeet.