Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CLC krut duerch d'Kris vill nei Memberen

Handelsconfederatioun

CLC krut duerch d'Kris vill nei Memberen

D'Handelsconfederatioun huet zejoert 232 nei Memberen opgeholl, souvill wéi nach ni virdru bannent engem Joer. An deen Trend schéngt 2021 virun ze goen, sou den Direkter vun der CLC.

auto_stories

3 min

Zanter dem 1. Januar wären nämlech schonn erëm nobäi 100 Betriber nei bäikomm. Fir den Nicolas Henckes ass dat kloer eng Konsequenz vun der Kris: vill Entreprisen hätten agesinn, datt et a schwieregen Zäite vu Virdeel ass, an esou engem Verband ze sinn. D'CLC hätt zimmlech gutt a séier reagéiert wéi de Lockdown annoncéiert ginn ass, an hätt senge Membere séier gehollef.

"Mir hunn och den net-Membere gehollef, an och do d'Froe beäntwert, well mer gesot hunn: Ok, elo spille mer kleng kleng, a ginn op si an, an hëllefen deene Leit, déi Hëllef brauchen. Do sinn der awer och vill, déi duerno awer relativ schnell hir Memberskaart geholl hunn."

Transparenzregëster: "e bëssen over the top"

Mam geplangte Chamber-Transparenzregëster u sech hätt hie kee Problem, seet den Nicolas Henckes. Den Direkter vun der Handelsconfederatioun CLC stéiert sech awer un der Tatsaach, datt all eenzele Rendezvous, deen een als Lobbyist mat engem Deputéierten huet, soll mussen an Zukunft verëffentlecht ginn. Dat kéint zu enger ongläicher Behandlung féiere, fäert hien.

Hien illustréiert déi Suerg um Beispill vun der Presidentin vun der Chambre des Salariés, déi gläichzäiteg Presidentin vum OGBL ass. D'Transparenzreegele spillen net fir d'Berufskammeren. Den Nicolas Henckes ka sech virstellen, datt d'Nora Back nëmme méi als Presidentin vun der Chambre des Salarié erausgeet, an net méi als Presidentin vum OGBL.

"An dann hu mer wierklech eng quokeleg Situatioun, datt déi Presidentin hire Lobbying ka weider maachen an de Fernand Ernster (ndlr: President vun der CLC) bei eis dat net méi esou ka maachen. An dann hu mer zu Lëtzebuerg jo nach aner Problemer: wat maache mer mat Leit, déi matenee Famill sinn, déi eventuell an enger Koppel zesumme sinn? Wann déi zesumme Kaffi drénken oder Sonndes zesummen zu Mëtteg iessen, ass dat eng Lobbyaarbecht. Dat schéngt mer e bëssen over the top."

Nicolas Henckes dréint der Lobbyaarbecht de Réck zou

D'Handelsconfederatioun muss sech en neien Direkter sichen. Den Nicolas Henckes verléisst d'CLC Enn des Joers, fir en neie berufflechen Challenge unzehuelen - Lobbyaarbecht géif zimmlech vill Kraaft, Energie a Presenz kaschten.

"Den Etienne Schneider hat dat jo gesot fir d'Politiker, datt ee Maximum zéng Joer sollt maachen, soss géif ee méi schwaach ginn. Dat gëllt fir d'Politiker, dat gëllt awer och fir d'Gewerkschaftler géif ech soen."

Den Nicolas Henckes gesäit d'CLC als Gewerkschaft, déi sech fir Interête vu senge Member asetz an déi verdeedegt, "genee esou wéi OGBL an LCGB dat maachen."