Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik vu fréierem Direkter u Fuerschungszenter

Recherche

Kritik vu fréierem Direkter u Fuerschungszenter

Mobbing am ëffentleche Fuerschungszentrum? De Claude Wehenkel geheit e kritesche Bléck op d'Fusioun vun den Instituter. Och d'Politik gëtt vum fréieren Direkter vum CRP Tudor kritiséiert.

Mick Entringer / ys

auto_stories

3 min

Wéi hien de Special Award vum Fonds National de la recherche iwwereecht krut, huet de Claude Wehenkel d’Manéier kritiséiert, wéi déi ëffentlech Fuerschungszentren Henri Tudor a Gabriel Lippmann am neie Luxembourg Institute for Science and Technology fusionéiert sinn. Viséiert ware Politiker, Manager, a Fonctionnairen.

Schaarf Kritik u Fusioun

An der Fusioun wär zimlech alles schif gelaf, esou de pensionéierten Direkter vum CRP Henri Tudor. Ee grousse Problem wär, datt den Direkter vum neien Institut net vun Ufank un dobäi gewiescht wär: "Et kann net sinn, datt een, dee soll eng Fusioun iwwerhuelen, näischt ka virdru mat gestalten." Hie kritiséiert weider, datt d'Direktere vun deenen zwee Instituter d'Fusioun hätte missen duerchféieren, ouni d'Leedung vum neien Zentrum duerno kënnen z'iwwerhuelen. D'Erfahrung, déi iwwer d'Joere gesammelt gi wär, wär verpufft, esou de Claude Wehenkel.

D'Fusioun hätt ausserdeem ze vill laang gedauert a wär net transparent par Rapport zu de Fuerscher um Terrain gewiescht: "Et war vill Geheimniskrämerei a vill Ontransparenz." Enquêten, déi während dem Prozess vun der Fusioun beim Personal gemaach gi wären, bezeechent de Claude Wehenkel als katastrophal. "Déi Enquêten hu gewisen, datt de Klima net gutt war an net gutt ass. Mee et si keng richteg Conclusiounen draus gezu ginn."

Weiderhi schwätzt de fréieren Direkter vu Mobbing am Virfeld vun der Fusioun. Et wär gezielt probéiert ginn, fir Personal erauseekelen. Och elo géif hien nach Réckmeldunge vun net schrëftlecher Intimidatioun vun der Administratioun par Rapport zu Mataarbechter gemaach kréien. Allgemeng wär d'Ambiance am LIST ganz schlecht.
De Gabriel Crean gouf am Dezember 2014 vum Verwaltungsrot als CEO vum LIST ernannt. De Claude Wehenkel seet, hie wär dee richtege Mann op där richteger Plaz. "Et ass wichteg, datt mir ee Mann hunn, dee virdrun net zevill Kontakter mam Milieu hat. Datt hien dat vu bausse gesäit."

Politik misst Kader setzen

Vun der Politik fuerdert de pensionéierten Direkter méi kloer Virgaben iwwer d'Roll an d'Strategie vum Institut. Et wär net un der Direktioun vun den Instituter fir hir Ziler selwer ze definéieren.

Enger Medical School steet de Claude Wehenkel skeptesch géigeniwwer. "Ech fäerten, datt mir ee Centre Hospitalier Universitaire kréien, dee keen ass." Iwwer Asteroid Mining mengt hien: "Dat war eppes, wat een den éischten Abrëll hätt kéinten annoncéieren."