Energieimporter Claude Turmes: "Versuergung beim Pëtrol, Gas a Stroum ass assuréiert"

Wéi kënnen déi europäesch Ofhängegkeete vu russeschem Gas, Pëtrol a Kuel reduzéiert ginn? Dat ass eng zentral Fro haut a muer um informelle Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zu Versailles bei Paräis.

Serge Kesseler / cbi

Claude Turmes
Den Energieminister Claude Turmes ass iwwerzeegt, datt ee russesch Gasimporter reduzéiere kann. Foto: Archiv

Lauschteren


D'Basis fir d'Diskussiounen dierft de Plang vun der EU-Kommissioun sinn, deen een Dënschdeg presentéiert gouf.

Russesch Gasimporter solle bannent engem Joer ëm zwee Drëttel reduzéiert ginn. "Dat ass e realistescht Zil", esou de Claude Turmes am 100,7-Interview.

Europäesch Koordinatioun vu Gasspäicher

De schwaache Punkt am europäesche Gas-System wier, datt et bis elo keng Virschrëft gouf, datt déi europäesch Gas-Späichere virum Wanter musse gefëllt sinn, esou de Claude Turmes.

Fir déi Gasspäicher sollen elo zesumme mat der Belsch, Frankräich, Holland, Däitschland, Éisträich an der Schwäiz national Gesetzer koordinéiert ginn.

Et sollen dofir an éischter Linn Gasspäicher an der Géigend benotzt ginn, am Noutfall soll et awer méiglech sinn iwwer d'Grenzen ewech depanéiert ze ginn.

Accisen oder TVA: Méiglechen Impakt op Tanktourismus

Et géif dorëm goe fir den nächste Wanter gutt opgestallt ze sinn. Bei Gas a Pëtrol aus Russland, wier Lëtzebuerg "relativ wéineg ofhängeg", betount de Minister am Kontext vun den aktuellen Diskussiounen iwwer een Importverbuet.

"Versuergungssécherheet beim Pëtrol, Gas a Stroum ass assuréiert. Dat, wat natierlech am Moment wierklech komplizéiert ass, sinn d'Präisser."

Bei der Fro, wéi een d'Konsumenten hei am Land wéinst de ganz héije Spritpräisser kann entlaaschten, hätt d'Regierung bis elo ausgeschloss un d'Schrauf vun den Accisen oder der TVA dréien ze goen, erkläert den Energieminister.

"Aus gudde Grënn", esou de Claude Turmes: dat géif nämlech dozou féieren, datt den Tanktourismus gefërdert gëtt. "Da géife mer jo quasi eng Mesure maachen, déi och nach der ganzer Groussregioun géif dengen an anengems dem Budget net géif hëllefen."

Dowéinst misst een oppasse wat e mécht, an d'Regierung misst sech dat gutt iwwerleeën, seet de Claude Turmes.

Méi zum Thema

Tanken
Héich Sprit-Präisser

De Romain Hoffmann, President vum Groupement pétrolier, stellt fest, datt een nach ni esou héich Sprit-Präisser gehat hätt. Dëst géif de Moment och op d'Käschte vum Secteur goen.

Pëtrol
Pëtrolpräisser

Grad ewéi de Gas gëtt och de Pëtrol ëmmer méi deier. Dës Tendenz ass duerch den Ukrain-Konflikt nach eemol verstäerkt ginn. Wat bedeit dat fir Secteure wéi d'Aviatioun oder Wuerentransport iwwer d'Strooss?

Illustratioun Energiepräisser
Hausse vun den Energiepräisser

D'Decisiounen vum Energiedësch waren en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung, soen d'Gewerkschaften. D'Entwécklung vun Gas- a Pëtrolspräisser géif awer weisen, datt et domat net duergeet.

Gas Stockage
HEICH ENERGIEPRÄISSER

Déi nächst Woch wëll d'EU-Kommissioun ee Plang presentéieren, doriwwer, wéi sech d'EU besser op esou eng Kris preparéieren kann. Dozou gehéiert et och, d'Länner ze verflichten, d'Gas-Späichere mat Zäiten opzefëllen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen