Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Strasser: CSV-Aussoe geschäftsschiedegend

Telekomsoperateur Join

Claude Strasser: CSV-Aussoe geschäftsschiedegend

D'Post hätt d'Suen, déi se beim Telekomsoperateur Join investéiert huet, net an de Sand gesat. Dat seet den Direkter vun der Post am 100,7 Interview nodeems d'CSV kritiséiert hat, datt d'Post mat enger Participatioun bei JOIN 96 Milliounen Euro un ëffentleche Gelder verpolvert hätt.

auto_stories

3 min

Dem Claude Strasser no wier et schwiereg ze moossen, wéi vill Perte d'Post mat der Firma Join gemaach hätt. 96 Milliounen, sou wéi d'CSV et behaapt, wieren et awer net gewiescht. Hie wier schockéiert, datt een iwwer eng Geschäftsiddi, déi der Post "nach wie vor Valeur kreéiert", esou géif uerteelen. "Dat ass en plus Geschäftsschiedegend fir Join, Behaaptungen an de Raum ze setzen, bis hin zu enger Faillite. Behaaptungen, déi net stemmen."

De Claude Strasser iwwerhëlt eegenen Aussoen no déi voll Responsabilitéit. Mee och haut ass de Post-Direkter, dee vun Ufank u bei Join am Verwaltungsrot souz, der Meenung, datt d'Post 2013 déi richteg Decisioun geholl hätt. Deemools war d'Post, déi zu 100 Prozent dem Staat gehéiert, mat 4,5 Milliounen Euro fir d'éischt bei Join erageklomme fir d'Hallschent vum Kapital ze iwwerhuelen.

"D'Decisioun war richteg. En Cours de route geschéie bei sou engem Lancement awer Saachen, déi een hätt kéinte besser maachen. Mee dat war zu engem Zäitpunkt, wou mir weder de Contrôle vun der Firma haten, nach d'Direktioun gestallt haten."

"Faillite kënnt net a Fro"

D'Post war am Fong bei Join erageklommen, fir sech am Ausland ze developpéieren. D'Aktivitéiten an der Belsch goufen am Summer no véier Joer gestoppt. Déi 20.000 Cliente gi bei en aneren Operateur transferéiert. Eng Faillite vun der Firma kéim net a Fro, och wann dat schonn eemol en Thema war.

Et wiere laangfristeg Kontrakter ofgeschloss ginn, fir gutt Konditiounen ze kréien. "Wann ee gewosst hätt, datt een d'Decisioun hëlt fir erauszeklammen, dann hätt een dat net sou laangfristeg gemaach. Wann dat laangfristeg ass, da kascht dat gemenkerhand eppes. Et ass awer sou, datt dat hei och dozou gefouert huet, datt déi Clientèle, déi mir haten, vun dem Operateur iwwerholl goufen. Dat war elo kee gudden Deal, mee huet dozou gefouert, datt et manner kascht."

Informatesch Plattform als Ëmsazgenerator

D'Firma hätt eng Valeur, esou de Claude Strasser. Join misst sech elo op de Lëtzebuerger Marché konzentréieren an op hir modern informatesch Plattform, MVNO, déi fir d'Gestioun vu Clienten a Leitunge geduecht ass a bis ewell net rentabel ass.

Et wier een nach ëmmer am Gaange fir weider Méiglechkeeten ze siche fir d'Plattform aneren Operateuren an aneren Aktivitéiten zur Verfügung ze stellen.

Och wann d'Plattform nach ëmmer Join gehéiert, wieren d'Mataarbechter mëttlerweil bei d'Post gewiesselt. De Claude Strasser huet och d'Zil widderholl, datt all Entitéit vun Join misst kënnen eegestänneg iwwer d'Ronne kommen. Den Telekomsoperateur huet haut nach ronn 30.000 Clienten zu Lëtzebuerg, esou de Claude Strasser. Zil vun der Firma war et, op laang dauer, 200.000 Clienten ze hunn.


De Panorama-Bäitrag vum Maxi Pesch:

Lauschterenplay_arrow