Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude P. Muller: "Infektioun nëmmen iwwer intensiivste Kontakt"

Afepouken

Claude P. Muller: "Infektioun nëmmen iwwer intensiivste Kontakt"

Stand Dënschdeg Owend gouf et 19 Fäll vun Afepouken zu Lëtzebuerg. An och wann d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO d'Afepouke viru kuerzem zu enger gesondheetlecher "Noutsituatioun mat internationaler Portée" erkläert huet, géif et aus senger Siicht kee Grond gi fir Angscht ze hunn, seet de Virolog Claude P. Muller.

auto_stories

2 min

De Virolog Claude P. Muller. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Et misst ee sech keng Suerge maachen, datt sech hei eng Coronavirus-Pandemie géif ukënnegen, seet den Dokter Claude P. Muller, well d'Iwwerdroungsweeër wiere ganz anerer wéi bei Covid-19.

Iwwerdroungsweeër a Symptomer

D'Iwwerdroungsweeër si bei den Afepouke méi einfach noweisbar, well wann een de Virus huet, dann hat ee ganz enke Kontakt mat enger anerer Persoun, déi infizéiert war. Hei géif et net duer goen, fir laanscht eng infizéiert Persoun ze goen oder vis-à-vis ze sëtzen:

"D'Iwwerdroung ass iwwer Kierperflëssegkeeten, déi ausgetauscht ginn. An nëmme bei intensiivstem Kontakt iwwert esou eng Tröpfcheninfektioun oder iwwert Aerosol. "

Schwéier Verleef wiere ganz seelen an d'Behandlung reng symptomatesch.

Nieft Symptomer wéi Féiwer, Kappwéi a geschwollene Lymphkniet triede Blosen op, déi zu Pautsche ginn an e staarke Bass ervirruffen.Wann dëst de Fall ass, da ka kéint een d'Diagnos bal selwer stellen, esou de Claude P. Muller. Da kéint een aner Leit schützen andeem ee sech vun aneren ewechhält.

Weidere Schutz duerch Impfung

E weidere Schutz bitt eng Impfung: Imvanex ass schonn zanter 2013 an der EU als Impfstoff géint Pouken zougelooss an hätt och eng Kräizprotektioun vu ronn 85 Prozent géint d'Afepouken. D'Impfung géif eng Antikierper an eng zellulär Immunitéit hannerloossen.

De Virolog seet datt d'Impfung fir verschidde Populatioune Sënn mécht. Dëst géif op homosexuell Männer zoutreffen, déi keng fest Bezéiung hunn. D'Impfung wier och als Postexpositiounsprophylax nëtzlech, dat heescht innerhalb vun deenen Deeg no engem enke Kontakt hat mat enger infizéierter Persoun.

De Claude P. Muller seet, datt d'Impfung dann och Sënn mécht bei Personal wat potenziell Kontakter huet zu infizéierte Patienten, also och elo Leit op Infektiounsstatiounen.

Datt de Gros vun de Fäll weltwäit homosexuell Männer wieren, hätt dann och keng virologesch mee epidemiologesch Grënn a mam Verhalen ze dinn, esou nach de Professer Claude P. Muller.