Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel - Differences

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: E Retour an den Homeschooling am Moment net néideg

Educatioun

Claude Meisch: E Retour an den Homeschooling am Moment net néideg

Obwuel am Moment vill Enseignantë wéinst de ville Corona-Infektiounen ausfalen, wär et am Moment net noutwendeg, an den Homeschooling zréckzegoen: Den Educatiounsminister weist sech zouversiichtlech, datt d'Schoulen trotz de ville Corona-Infektioune weider kënnen opbleiwen.

auto_stories

2 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch geet net dovunner aus, datt d'Schoule personalbedéngt mussen zoumaachen. Foto: Archiv

D'Zuel vun den Enseignanten, déi ausfalen, wier iwwer déi lescht Woch relativ konstant bliwwen, esou de Claude Meisch am 100,7-Interview. Am Fondamental géifen deemno eng zéng Prozent vum Léierpersonal feelen, an am Lycée e bësse manner.

Et wier zwar eng Erausfuerderung, d'Schoulen ënner deenen Ëmstänn weider um Lafen ze halen, e Retour an den Homeschooling wier awer just néideg, wann d'Situatioun sech nach eng Kéier géif verschlëmmeren:

"Wa mer d'nächst Woch dat Duebelt un Ausfäll hunn, wéi mer d'lescht Woch haten, da wäerte mer do warscheinlech net dolaanscht kommen. Wat extrem bedauerlech wier, datt mer net duerch Infektioune bei de Kanner dat dote misste maachen, mee einfach well mer net méi genuch Personal hätten."

Keng zousätzlech Ausfäll vum Personal duerch den 3G-System

Den Educatiounsminister geet och net dovun aus, datt et duerch den 3G-System zu zousätzleche personellen Ausfäll an de Schoule kënnt. Genee ewéi all aner Salariéen am Land mussen och d'Enseignantë vun e Samschden u geimpft, geheelt oder getest sinn, fir dierfe schaffen ze goen.

De Claude Meisch betount am 100,7-Interview awer, et géif relativ wéineg Enseignantë ginn, déi en nächste Méinde mussen e negativen Test virweisen, wann se schaffe kommen. Et wieren nach fënnef Prozent vum Léierpersonal, déi net geimpft oder geheelt sinn:

"Et ass net esou, datt ech weess, wie geimpft ass. An och meng Direktioune wëssen net, wie geimpft oder geheelt ass. Mee nom Code vun der Sécurité sociale kann d'Santé eis dat dote liwweren. An ech denken, datt et wichteg ass fir d'Gestioun vun dëser Kris, datt mer do Statistiken hunn."