Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CHL: Servicer kéinte geschwënn nees ëmorganiséiert ginn

Corona-Pandemie

CHL: Servicer kéinte geschwënn nees ëmorganiséiert ginn

Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier seet, d'Situatioun an de Spideeler wier "ugespaant". Am Moment wier zwar nach kee "Katastrophen-Zenario" ofzegesinn, esou den Dr. Romain Nati. D'Zuel vun de Covid-Patienten am CHL hätt sech iwwer de leschte Mount awer méi wéi vervéierfacht, a si wier weider amgaang an d'Luucht ze goen.

auto_stories

2 min

De Romain Nati ass Direkter vum CHL

D'Zuel vun den Hospitalisatioune géif "lues awer sécher" eropgoen. Momentan wieren am CHL - Stand Sonndeg - 27 Patiente wéinst Covid-19 hospitaliséiert, virun engem Mount wieren et der just sechs gewiescht. "Dat ass méi wéi eng Vervéierfachung."

De Romain Nati geet dovunner aus, datt den CHL 40 Covid-Patiente kéint behandelen, ouni Restriktiounen an anere Servicer mussen ze maachen. Den Direkter vum CHL fënnt et net onwarscheinlech, datt dës Zuel an den nächsten zwou Wochen erreecht kéint ginn.

Méiglech Ëmorganisatioun am CHL

Sollte méi wéi 40 Patiente wéinst Covid-19 am CHL sinn, missten d'Servicer vum CHL nees ëmorganiséiert ginn. "Do hu mer Pläng am Tirang, fir wann de Contingent vun de Covid-Patienten méi grouss gëtt, fir dann och dem Defi kënne gerecht ze ginn."

Dës Pläng géifen enger "gewësser Flexibilitéit" Rechnung droen, seet de Romain Nati. Et géif eng streng Trennung tëschent Covid-Patienten an deenen anere ginn. Wann d'Zuel vun de Covid-Patienten weider klëmmt, "da musse verschidde Servicer fir déi Patiente reservéiert ginn." Et wéilt een, souwäit et geet, net-Covid-Patienten awer weider esou behandelen, wéi dat bis elo gemaach gouf.

De Risiko vu Personalmanktem

Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier seet, an de Spideeler géif am Moment genuch Material zur Verfügung stoe fir Covid-Patienten ze behandelen. Hie géif sech keng Suerge maachen, datt d'Beootmungsgeräter an nächster Zäit kéinte knapp ginn, esou de Romain Nati.

Den CHL-Direkter fäert awer, datt et beim Personal kéint zu Engpäss kommen: "do si mer limitéiert". Sollten d'Zuele vun den Neiinfektioune weider an d'Luucht goen, géif ee riskéieren, datt Problemer optrieden, notamment, datt net genuch Personal do ass fir souwuel Covid- wéi och net-Covid-Patienten ze behandelen.