Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Gebuerten, wéineg Plaz

Gesondheetssecteur

Vill Gebuerten, wéineg Plaz

Viru gutt fënnef Joer huet déi nei Maternité vum CHL hir Dieren opgemaach. Dat neit, modernt Gebai huet déi medezinesch Prise en charge vereinfacht an ëmmer méi Mammen a Patientinnen ugezunn. Tëscht 2016 an 2019 sinn eleng d'Gebuerten ëm ronn 30 Prozent eropgaangen. Dat bleift net ouni Konsequenzen: Et feelt u Plaz an déi Responsabel musse kreativ ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Idealist

Ee Rekord u Gebuerte gouf et d'lescht Joer an der Maternité zu Stroossen. 3.104 Puppelcher sinn dat Joer do op d'Welt komm. Eng Erausfuerderung fir d'Personal - net nëmme well de geneeën Datum vun engem Accouchement meeschtens net kloer ass.

Déi nei Maternité ass - streng gekuckt - fënnef Joer no hirer Ouverture ze kleng. D'Previsioune fir dëst Joer confirméieren dat, sou den Direkter Dr. Didier van Wymersch. D'Maternité wier op 2.500 Gebuerten d'Joer ausgeluecht ginn. Dëst Joer géif ee mat méi wéi 3.300 rechnen, et géif also eng Diskrepanz tëschent dësen Zuele ginn. Dat wier ee geleefege Problem am Secteur, sou de Gynekolog, an dat wier an alle Spideeler am Land de Fall.

Vill Eltere ginn no 48 Stonnen heem

Mee: sécher ass, d'Ekippe vun der CHL-Maternité schaffe vill drun, fir Plaz ze schafen. Duerch en neit Dagesspidol wäerte Better mobiliséiert ginn. An: den Openthalt no der Gebuert gëtt méi kuerz.

D'Elsa Docarmo, Direktesch vum sougenannte Pôle Femme-Mère-Enfant zielt, datt et Patiente gëtt, déi no 48 Stonnen heem ginn a Begleedung vun hirer Hiewan. "Mir probéiere wierklech d'Eltere gutt virdrun ze informéieren an ze preparéieren, datt all Mamm eng Hiewan am Viraus huet."

Duerch d'Covid-Pandemie wieren déi liberal Hiewannen, déi heem ginn, souwisou méi present, well si et sinn, déi Virbereedungscoursë ginn - an domat déi annuléiert Gruppecoursë vun der Maternité ersetzen.

Iwwer d'Grënn fir d'Rekordzuele seet den Direkter datt Lëtzebuerg eng jonk Populatioun huet. Weider hätt ee virdrun e méi aalt Gebai gehat an doduerch wier een an der Konkurrenz mat de Klinicken um Kierchbierg, zu Ettelbréck a mam CHEM.

Eng Optimiséierung vun der Organisatioun

Déi nei Maternité huet villes an den Ofleef vereinfacht, soen déi Responsabel. Sou ass zum Beispill elo 24 Stonnen op 24 een Anästhesist an ee Kannerdokter am Gebai. D'Neierungen hätten een Afloss op d'Qualitéit vun de Behandlungen, sief et vu Koppele mat Kannerwonsch, vu schwangere Fraen - och mat Komplikatioune virun oder no der Gebuert - a Frae mat Broschtkriibs zum Beispill.

D'Organisatioun wier optimiséiert ginn a wier méi effizient, seet d'Elsa Docarmo.

"D'Leit kommen an ee Parcours eran, wou se da vläicht d'Gesondheetsberuffer begéinen, déi si dann um Enn vläicht net méi brauchen, mee deen ass esou organiséiert, datt d'Leit zum richtege Moment déi richteg Prise en charge kréien, an datt mer näischt vergiessen. Dat ass wierklech d'Innovatioun gewiescht vun deem neie Gebai. An natierlech de Lien tëscht der Maternité an der Kannerklinik, déi Gebaier ware virdru getrennt."

Manner Cesariennen

2019 gouf et iwwregens ee weidere Rekord an der Maternité zu Stroossen: et goufe mat 28,8 Prozent sou mann Cesarienne gemaach wéi ni virdrun. Et géif weider dru geschafft ginn, dës Zuel ze reduzéieren, sou den Dr Van Wymersch. Hie seet awer och den Debat ëm dee Sujet wier deelweis eesäiteg. Engersäits wieren déi allermeescht schwanger Frae mat Komplikatioune Patientinnen am CHL.

An da kënnt nach ee juristeschen Aspekt dobäi: et géifen zu Lëtzebuerg vill Prozedure ginn a wann eng Gebuert net esou ofleeft, déi d'Eltere sech dat virstellen, wier et ganz einfach bei en Affekot ze goen. Dowéinst hätte vill Gynekologen eng Präferenz fir eng Cesarienne par rapport zu enger natierlecher Gebuert, déi dacks méi komplizéiert wier. "Parce avoir une assignation judiciaire ou un procès, ça vous pollue la vie pendant des années."

Déi Lëtzebuerger Justiz géif ëmmer méi aggressiv ginn an där Hisiicht, sou vill misst an den Dialog an d'Vertrauen tëscht Dokteren a Patientinnen investéiert gi fir eng weider Baisse vum Taux vu Keeserschnëtter ze erreechen. Ënner anerem dat steet awer op der To-Do-Lëscht vun de Responsabele fir déi nächst Joren.