Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Porij - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diversifizéierung vun der Landwirtschaft

Interpellatioun an der Chamber

Diversifizéierung vun der Landwirtschaft

D'Bauere solle gestäerkt an d'Versuergung zu Lëtzebuerg soll sou wäit wéi méiglech gedeckt an nohalteg gemaach ginn. Et ginn awer Contrainte fir esou Pläng ëmzesetzen, huet et an der Chamber geheescht.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / doidam10

Lauschterenplay_arrow


Dëse Summer huet d'Dréchent dominéiert an dat wärend gefillt onendlech laange Wochen. Geméis muss awer genat ginn, mee vu wou hëlt een d'Waasser?

Reewaasser opfänken

D'Martine Hansen mengt, datt een dofir net onbedéngt Krunnewaasser misst huelen, dat géif nämlech ze deier ginn.

Dowéinst misst een innovativ ginn a beispillsweis Opfänkbecken hu fir Reewaasser zeréckzebehalen, mee och gerengegt Ofwaasser ass eng Méiglechkeet, mengt d'CSV-Fraktiounspresidentin.

Fir de Marc Goergen vun der Piratepartei bidden d'Stied a versigelt Flächen eng Léisung un: bis elo hätt een de Reen ëmmer sou séier wéi méiglech evakuéiere wëllen. Fir den Deputéierte vun der Piratepartei wier et wichteg, datt d'Reewaasser aus de Stied an aus den Dierfer gehale gëtt an zum richtege Moment op d'Felder transportéiert gëtt.

Rekrutementer am Ausland

D'Landwirtschaft ass dacks och aarbechtsintensiv iwwer déi verschidde Saisonen. Dat ass eng weider Schwieregkeet, seet de Gusty Graas.

Bis elo hätt een dofir virun allem an Osteuropa rekrutéiert, also a Polen a Rumänien seet den DP-Deputéierten. Dat géif awer ëmmer méi schwéier ginn, well déi ekonomesch Situatioun vun deene Länner sech verbessert.

Präisser vum Terrain hunn Impakt op Landwirtschaft

A Lëtzebuerg huet definitiv ee Problem wéinst den Terrainspräisser, betount den Agrarminister Claude Haagen. D'Hausse vun de Präisser géif och ee Problem fir d'Landwirtschaft, d'Gréngzonen an d'Wéngerten duerstellen.

Do missten all d'Acteuren, déi an deem Beräich schaffen, oder déi fir déi selwecht Flächen a Fro kéimen, sech zesummesetze fir no Léisungen ze sichen, seet de Landwirtschaftsminister.