Mat reduzéiertem Personal hätt een op de Chantieren erëm ugefaangen, esou de Jean-Christophe Dujardin vun der Bauentreprise Karp-Kneip. Et hätt een nach en puer Absencen, mee generell wier ee frou, fir nees kënnen unzefänke mat Schaffen.
Et wier haart gewiescht, an de leschte Wochen ouni Beschäftegung mussen doheem ze bleiwen. "Hei kann een e bëssen e soziaalt Liewen erëmfannen. Mir hunn zwar Masken un, mee wéinstens kënne mir matenee schwätzen."
De Schutz vum Personal ass natierlech e grousst Theema och am Bausecteur. Luxtram weist sech generell "ganz zefridden", datt op de Chantieren erëm däerf geschafft ginn, wann och mat verschäerfte Schutzmoossnamen.
Nach wier awer net gewosst, ob de geplangten Datum vun Enn 2020 ze hale wier, fir d'Arrivée vum Tram op der Stater Gare. Et géif ee viru probéieren den ugepeilten Datum anzehalen. Ob een den Datum awer schlussendlech anhale kann, géif engersäits awer dovun ofhänken, wéi séier ee mat den Aarbechte géif virukommen. Et misst een och ofwaarden, ob et dëst Joer e Congé collectif géif ginn, a fir wéi eng Aarbechten een Derogatioune kéint kréien.
Eng definitiv Ausso dozou kéint een deemno elo nach net maachen, esou den Direkter fir déi nei Linne bei Luxtram.