Mobilitéit Chantier op der A6
D'A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck an dem Zéissenger Kräiz ass haut Samschdeg vun 10 Auer owes bis muer Sonndeg 8 Auer Moies an déi zwou Richtunge gespaart. Op där Plaz gi Stroumtracéen ewechgeholl.

Weider si gespaart :
- Den Accès vum Echangeur Helfenterbréck a Richtung Zéissenger Kräiz
- D'Bretelle vun der A4 op Hollerech a Richtung Zéissenger Kräiz
- D'Bretelle vun der A4 op Hollerech a Richtung Arel
- D'Bretelle vun der A4 op Rammerech a Richtung Arel
De geneeën Detail a weider Informatiounen am Communiqué vu Ponts et chaussées.