Chambre des Salariés kritiséiert Cargolux-Deal mat HNCA
Experte vun der Chambre des Salariés gesinn de geplangtene Verkaf vu 35 Prozent vun der Cargolux un HNCA ganz kritesch. Dat geet aus enger enger Note ervir vum 20.Dezember, déi dem radio 100,7 virläit. D’Regierung an de Cargolux-Verwaltungsrot kréie vum zoustännege Service vun der CSL virgeheit, d’Zukunft vun der Cargolux an d’Zukunft vu ganzen Deeler vun der lëtzebuerger Economie op d’Spill ze setzen. Den Accord mam méiglechen neie Cargolux-Aktionär HNCA wier onkloer, e géif just just déi kuerzfristeg Problemer klären an d’lëtzebuerger Säit kéim schlecht ewech. D’OGBL-Vertrieder am Comité Mixte vun der Cargolux haten den Avis ugefrot.
Lauschtert de Bäitraag vum Jean-Claude Franck: