Chamber-Opléisung: Prinzipiellen Accord iwwer nei Prozedur

Am Virfeld vu virgezunnen Neiwahle soll d’Chamber net méi opgeléist gi: déi fir d’Verfassungsreform zoustänneg Chamberkommissioun huet doriwwer e prinzipiellen Accord fonnt. D’Decisioun iwwert den anticipéierte Wahltermin sollt bei der Chamber oder der Regierung leien, sou de President vun der Institutiounskommissioun Alex Bodry an eisem Mëttespanorama. De Grand-Duc kéint d’Chamber deemno net méi opléisen.

Nach net gekläert ass, ob an der neier Verfassung soll festgeluecht ginn, ënner wéi enge Konditiounen et zu virgezunnen Neiwahle kënnt.

No der Debatt iwwert de Rapport vun der SREL-Enquetekommissioun haut virun engem Joer, war gréisser Konfusioun entstan, well de Groussherzog d’Chamber opgeléist huet, ouni datt d’Regierung demissionéiert hätt, oder e Mësstrauensvote virlouch. Iwwerdeems war d’Opléisung net direkt am Juli a Kraaft getrueden, mee gouf op zwou Woche virum Wahltermin am Oktober fixéiert.

Weider Detailer am Interview vum Pia Oppel mam Alex Bodry:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen